Rock am Gaart – zu Gousseldeng Jeff Elcheroth: "De Gaart war fir d’éischt do, duerno koum d’Haus"

Fabienne Zwally
D'Ekipp vum Magazin war dësen Donneschdeg op Besuch beim Jeff Elcheroth a Roby Watgen zu Gousseldeng.
Rock am Gaart - Episod 3
An engem ganz moderne Gaart konnten d'Gäscht den Owend zu Gousseldeng genéissen. Fir déi musikalesch Ambiance huet d'Bans Frosty Candy gesuergt.

An engem ganz moderne Gaart, deen duerch seng vill verschidde Beräicher an Detailer opfält, konnten d'Gäscht den Owend genéissen. Fir déi musikalesch Ambiance huet déi Lëtzebuerger Pop-Rock-Band Frosty Candy gesuergt.

D'Kombinatioun aus engem Weier, ënnerschiddleche Sëtzplazen a Loungen, engem englesche Wues, enger grousser Terrass mat Pergola, enger Outdoor-Kichen an engem Whirlpool mat Poolhaus mécht dëse Gaart zu enger aussergewéinlecher Plaz.

E Gaart, dee vill Opmierksamkeet verlaangt

Hannert dësem Gaart stécht vill Planung vum Jeff Elcheroth. Hien huet d'Gestaltung selwer iwwerholl an de Gaart no sengen eegene Virstellungen designt. De Gaart war dobäi nach virum Haus do. Eréischt dono gouf d'Haus gebaut.

Ma fir esou eng grouss Anlag ze erhalen, brauch et awer och vill Zäit an Engagement. De Jeff Elcheroth këmmert sech selwer ëm den Ënnerhalt a muss reegelméisseg kucken, datt alles an engem gudden Zoustand bleift. "Et ass immens vill Aarbecht, et muss een ëmmer kucken, dass näischt futti geet. Ech si frou, datt ech als Schoulmeeschter mëttes e wéineg méi Zäit hunn, fir mech dorëms ze këmmeren", erzielt hien.

Zwee nei Lidder live präsentéiert

Mat Frosty Candy hunn d'Invitéeën am Gaart zu Gousseldeng ee musikaleschen Highlight gehat. Virun allem well d'Lidder "Chasing Shadows" a "Place", déi d'Lëtzebuerger Band gespillt huet, ganz nei sinn. "Den Album ass gemastert, d'Placke musse just nach gepresst ginn. Den offizielle Release ass dann am Wanter", sou d'Candy Windeshausen, Sängerin vun der Band.

Back to Top
CIM LOGO