Polaroid-Fotografie an der Cité de l'image zu ClierfD'Ausstellung "An Instant Journey" vum Paul Kirps

Sandy Elsen
Och an der Fotografie setzt de Paul Kirps sech vill a gäre mat de Formen a Strukture vun eiser gebauter Ëmwelt auserneen.
"An Instant Journey" vum Paul Kirps
Ausstellung iwwer Polaroid-Fotografie an der Cité de l'image zu Clierf.

D'Kamera mécht "Klick", e quadratescht Stéck Fotospabeier gëtt aus hirem Schlitz gedréckt a bannent e puer Sekonnen hält een en eenzegaartegt Unikat an der Hand, dat ee kuerze Moment fir d'Éiwegkeet festhält. Amplaz honnerte vun austauschbare Fotoen ze knipsen an ze retuschéieren, setzt dee Lëtzebuerger Kënschtler Paul Kirps bewosst op de Géigendeel: nämlech op déi analog Polaroid-Fotografie – ee Medium, dee fir Entschleunegung an Authentizitéit steet.

"An Instant Journey" ass schonn déi drëtt Ausstellung, déi de Kënschtler Paul Kirps der Polaroid-Fotografie widmet. Eigentlech ass hie fir seng Installatiounen, Grafiken a geometresch abstrakt Molereie bekannt. Schonn zanter senger Jugend huet hien awer och eng Faszinatioun fir déi bekannt SX-70 Polaroid-Kamera a virun allem fir d'Spontaneitéit an d'Authentizitéit vun der Foto, déi een domadder maache kann.

Vill vun deene klenge quadratesche Biller, déi hien an dëser Expo presentéiert, sinn op Reesen entstanen. Reesen, déi net just beim Fotograf, ma och op de Filmer hir Spueren hannerlooss hunn.

Dem Paul Kirps seng Fotoe sinn awer keng banal Rees-Souveniren. Et sinn Observatioune vu Plazen a virun allem vu Situatiounen.

"Dat kann eng Situatioun sinn, déi grad eréischt stattfonnt huet oder eréischt stattfënnt. Do weess een dann net, wat geschitt do lo eigentlech. Dat heescht esou Situatiounen, déi ëmmer tëscht Gänseféisschen sinn. Fir mech ass immens wichteg zum Beispill, wat ass wärend där Zäit, also wat een net op der Foto gesäit, wat ass do geschitt, oder wat kann ech domadder aussoen."

Nach bis den 30. August kann ee sech d'Expo "An Instant Journey" am Centre d’art vun der Cité de l’image ukucken.

Back to Top
CIM LOGO