D'Theater Federatioun an d'Kënschtlerassociatioun Aspro hunn, wéi si selwer schreiwen, en historeschen Accord am Kultursecteur fonnt.

"En neie Schratt a Richtung Professionalisatioun a gerecht Remuneratiounen", esou ass e gemeinsaamt Schreiwes vun der Theater Federatioun an der Kënschtlerassociatioun Aspro iwwerschriwwen. Fir dës Saison hätt een en Accord fonnt fir d'minimal Tarifikatioun bei Lëtzebuerger Produktiounen. An dat net just fir d'Beruffer op, mee och hannert der Bün. Et wier en historeschen Accord an den éischte vun deem Genre, dee sécherlech zu enger méi grousser Professionaliséierung vum ganze Kultursecteur géing bäidroen.