Eng vun de ganz groussen Damme vun der Lëtzebuerger Theaterzeen ass e Mëttwoch de Moie vun eis gaangen.

D'Marie-Paule von Roesgen, déi de 5. November 1931 an der Stad gebuer ass, ass e Mëttwoch am Alter vun 93 Joer verscheet. D'Mamm vu 6 Kanner huet eréischt spéit an den 1970er Joren ugefaangen, als Schauspillerin aktiv ze sinn. Si war a ville grousse Lëtzebuerger Film-  a Co-Produktiounen dobäi, wéi der RTL-Produktioun "Déi Zwéi vum Bierg" aus dem Joer 1985 oder och am Pol Cruchten sengem Film "Hochzäitsnuecht" vun 1992, deen de Max Ophüls Präis zu Saarbrécken gewonnen huet an um Festival zu Cannes gewise gouf. Eng vun hire leschte Filmrolle war 2017 am Andy Bausch sengem Film "Rusty Boys".

D'Marie-Paule Roesgen war dacks a Produktioune vum Théâtre du Centaure ze gesinn, besonnesch a "Les monologues du Vagin" vum Eve Ensler. Si stoung dofir zesumme mam Myriam Muller a Marja-Leena Juncker tëscht 2002 an 2009 méi wéi 300 Mol op der Bün, dorënner och um Festival zu Avignon.
  Nieft hire sëllege Rollen als Theater- a Filmschauspillerin a Filmer huet si och vun 1979 bis 1996 franséisch an däitsch Dictiounscoursen am Stater Conservatoire ginn.

An Erënnerung un d'Marie-Paule von Roesgen weise mer e Samschdeg um 20 Auer op der Tëlee de lëtzebuergesche Film "Schacko Klak" vum Frank Hoffmann a Paul Kieffer aus dem Joer 1990.

De Film baséiert op Elementer vum Roman mam nämmlechten Numm vum Roger Manderscheid. Am Film geet et em e Lëtzebuerger Duerf am Joer 1942, dat vun Hitlerdäitschland besat ass. De Film weist, wéi sech d'Duerfliewen an dëser donkeler Zäit verännert huet.

D'Marie-Paule von Roesgen beim Theaterstéck "Electre" 2011

Electre am Theâtre du Centaure
Electre am Theâtre du Centaure