1996 hat an enger Zort Theaterkeller am Quartier Greenwich-Village zu New York eng -deemols kleng- Produktioun Première: "the vagina-monologues".

Keen hätt geduecht, dat der Amerikanerin Eve Ensler hiert Wierk en internationale Succès géif ginn. D'Auteurin hat hiren Text als "anthropologesch enquête" annoncéiert, well si en aus ronn 200 Interviewen zesummegestallt hat.

Et geet ëm erotesch Phantasie vu Fraen, hir Passioun, ma och ëm Gewalt oder Mëssbrauch.

Mat den Opféierunge gi weltwäit Sue fir Fraeprojeeë gesammelt. D'nächst Woch ass et di 300. Opféierung vun de Monologuen zu Lëtzebuerg.

Di 3 Original-Schauspillerine sinn nees mat dobäi: d'Marie-Paule Von Roesgen, d'Myriam Muller an d'Marja-Leena Junker.