Theatre du Centaure: Première en Donneschdeg vum Sophokles senger Tragedie, Electre.

Eng wierklech Tragedie, geschriwwen 4 Jorhonnerte viru Christus vun engem vun de renomméiersten klassesche griicheschen Dichter, dem Sophokles. Zu sengen haut nach bekannten Texter zielen nieft dem Elektre och nach weider Stécker wei den Antigone oder de Kinnek Ödipus.

RTL

D'Sophie Langevin (Oreste) an d'Myriam Muller (Electre). / © JF Wolff

Electre erzielt d'Geschicht vun enger Duerschter déi sech vu senger eegener Mamm an där hire Frënd räche wëll, well déi zwee dem Electre säi Papp ëmbruecht hunn. [rating]E Leed vun engem jonke Meedchen dat den Doud vu sengem Papp duerch den Doud vu senger Mamm begläiche wëll, an awer ass et en ënnerleche Konflikt deen ëmsou méi komplizéiert ass well och de Papp net ëmmer nëmmen e Gudde war.

D'Metteuse en scène, d'Marja-Leena Junker, amplifiéiert d'Dramaturgie vum Stéck mat expressionistesch Maquillagen, an de jeu d'acteur gëtt hei interpretéiert vu 6 staarke Fraen, 6 grousse Personalitéiten, bei deenen d'Myriam Müller an der Roll vum Electre, fir d'Marja-Leena Junker e ganz offensichtleche Choix war.

Electre am Theâtre du Centaure
Electre am Theâtre du Centaure

RTL

© JF Wolff

ELECTRE


de Sophocle

Adaptation française - Antoine Vitez
mise en scène - Marja-Leena Junker
scénographie et lumières - Jean Flammang
avec Myriam Muller, Nicole Dogué, Irina Fedotova, Sophie Langevin, Mélyssa Michel, Marie-Paule Von Roesgen, e.a.

les 25, 26 février et les 2, 4, 5, 9, 11, 12, 16, 18, 19 mars à 20h00
le 27 février et les 3, 6, 10, 13, 17, 20 mars à 18h30

 THEATRE DU CENTAURE
Théâtre du Centaure
"Am Dierfgen" 4, Grand-Rue
Luxembourg-Centre

Renseignements et réservations:

Téléphone: (+352) 22 28 28
Fax: (+352) 26 27 06 33
Courrier électronique: mailto: centaure@pt.lu

RTL

D'Myriam Muller ass iwwregens Invité vun eiser Kultur-Emissioun dëse Samschdeg um 19.00 Auer. Ënner anerem schwätzt si mam Guy Helminger iwwert d'Roll vum Electre, mä awer och iwwert hiren éischte Court-Métrage als Realisatrice.

Myriam Muller: Le père, le fils,...et Anna
Myriam Muller: Le père, le fils,...et Anna