Reell Kriminalfäll aus dem Grand-Duché sinn d’Basis fir déi nei Serie "Marginal".

Déi véier Episode vun all kéiers 55 Minutte si baséiert op véier Mordfäll, déi tëscht 1902  a 1910 am Grand-Duché passéiert sinn. Eng Serie wéi "Marginal" wier eng Première hei am Land, seet de Produzent Claude Waringo.

"Dat wat flott ass, et ass 'True Crime' wéi se soen. De Frederic Zeimet ass an d’Archive gaange vun der Lëtzebuerger Justiz, Ufank zwanzegst Joerhonnert. Dat ass amfong flott, fir op Basis vu Saachen, déi reell geschitt sinn, dann déi ze gebrauchen, fir dorausser eng Geschicht ze maachen. Dat hate mer an deem Sënn esou nach net."

Déi gréissten Erausfuerderunge wär dem Realisateur Loïc Tanson no gewiergt, fir historesch esou korrekt wéi méiglech ze bleiwen. Vu Kostümer iwwert Dekoren, Coiffuren a Make-up, mä och d’Sprooch. Iwwer Wochen ass no Kleeder an Accessoirë wéi och Deko recherchéiert ginn, hei am Land huet een duerno gesicht a geléint oder aus dem Ausland se gelount.

"Mir kréie wierklech en Abléck an d’Police an d’Gendarmerie an d’Ufäng vun der Brigade kriminell zu Lëtzebuerg. Bëssen och hannert d’Kulisse vum Geriicht. All Episod wäert sech och deels um Geriicht ofspillen. A virun allem wäerte mer eng ganz Palett vu Personnage kenneléieren, déi wierklech faszinéierend sinn," seet de Realisateur vun der Serie de Loïc Tanson.

Nei Serie "Marginal" ass lancéiert
Mam Loïc Tanson hu mir iwwer d'Regie vun der Serie iwwer reell Kriminalfäll aus dem Grand-Duché geschwat.

Den Tournage huet vun Ufank Mäerz 2024 bis Mee 2024 gedauert. Gedréint ginn ass ënnert anerem an der Fiels, zu Randschelt, um Meesebuerger Schlass, zu Diddenuewen an an de Vogeesen. Mir waren en Dag laang beim Dréi um Schlass an der Fiels an um Meesebuerger Schlass dobäi. Néng Deeg laang sinn am Meesebuerger Schlass all d’Zeenen, déi am Büro vum Haaptpersonnage Albert Henrotin waren, ofgedréint ginn. 45 Leit hunn déi Zäit um Set matgeschafft.

D’Acteuren, déi ze gesi sinn heesche Jules Werner, Timo Wagner, Marie Jung, Philippe Thelen, André Jung, Marc Baum, Margarida Domingos, Guy Helminger oder Giusi Carenza.

Dem Produzent Claude Waringo no géing d’Produktiounsfirma Samsa aktuell 50 Prozent Long-métragen a 50 Prozent Serie produzéieren. Et géing e kloren Trend zu Serie ginn.

"Wat ee gesäit ass, dass d’Serien elo och ëmmer méi deier ginn, ëmmer méi Moyene kréien. Do musse mer kucken, dass mer elo nokommen, finanziell och gesinn. Mä ech mengen, dass et virun allem och eng Chance ass fir kleng Länner. Et huet ee jo op Streaming Plattformen aus ganz Europa an aus der ganzer Welt Serien, aus Island an eben och aus Lëtzebuerg. An dat ass eng Chance, déi mer onbedéngt musse weider gebrauchen, fir eis Geschichten op de grousse Marché ze kréien."