D'Gewënnerin vum LEAP 2025 heescht Jil Lahr
E Freideg den Owend gouf de Präis net wéi soss an de Rotonden, mä an der Escher Konschthal iwwerreecht. 1.030 Spectateure waren um grousse Vernissage.
E Freideg den Owend gouf d'Jil Lahr mam Luxembourg Encouragement for Artists Prize ausgezeechent.
D’Kënschtlerin, déi zu Hamburg wunnt a schafft, huet fir hir Expo eng Aart Buttek kreéiert, an deem ee Kuriositéite kann entdecken. Ee groussen Deel vun hirer Aarbecht besteet aus dem Sammele vu verschidden Objete, déi si dann aus hirem Kontext eraushëlt.
Am Dezember d'lescht Joer konnt ee seng Kandidatur ofginn. Vun insgesamt 75 Kandidate goufe véier Finalisten, de Mike Bourscheid, d’Rozafa Elshan, d’Jil Lahr an d’Lynn Scheidweiler, vum Jury zeréckbehalen. Lo steet mam Jil Lahr wéi gesot d'Gewënnerin fest vum LEAP-Präis, dee mat 12.500 Euro dotéiert ass.
D'Wierker vun de 4 finale Kënschtler kann ee sech tëscht dem 29. Mäerz an dem 27. Abrëll an enger kollektiver Ausstellung an der Escher Konschthal ukucken.
De But vum Luxembourg Encouregement for Artists Prize – kuerz LEAP – ass et, Artisten, déi eng innovativ Demarche an der zäitgenëssescher Konscht hunn, an der Entwécklung vun hirer professioneller Karriär ze ënnerstëtzen a se dauerhaft an der zäitgenëssescher Konschtzeen ze etabléieren. Eng International Jury decidéiert opgrond vun den ausgestallte Wierker an der Konschthal wien de Präis an Héischt vun 12.500€ gewënnt.
An der Konschthal Esch sinn nach zwou weider Expoen opgaangen. Eng vum Lëtzebuerger Artist Bert Theis an eng vum däitsche Kënschtler a Museker Wolfgang Müller.