Zäitgenëssesch Konscht um Kierchbierg
Esouwuel Sammler wéi Interesséierter sollen ugeschwat ginn.
Dem breede Public Konscht méi no bréngen a gläichzäiteg nationalen an internationale Galeristen eng Méiglechkeet bidden, fir mat potenzielle Clienten zesummenzekommen. Dorëms geet et bei der Luxembourg Art Fair. Dëst Joer gëtt déi 8. Editioun organiséiert an de Fokus läit op zäitgenëssesche Wierker.
Am südlechen Deel vun der Luxexpo gesäit een aktuell an éischter Linn Biller, ma net nëmmen. Op der Luxembourg Art Fair gëtt et nämlech och Skulpturen, Fotografien an aner Konschtwierker ze entdecken, am Ganzen eng ronn 3.000. Méi wéi 80 Galerië stellen hei aus, eng Lëtzebuerger, de Rescht aus der ganzer Welt. Et gi reng zäitgenëssesch Wierker gewisen, an do fält op, datt op ville Plazen d'Faarwen dominéieren. Ma wat heescht iwwerhaapt zäitgenëssesch?
"Nous, c'est l'art contemporain au sens de la date, donc ce sont exclusivement des artistes vivants d'après guerre. Ça ressemble tous types de paintures, du Pop Art, du Street Art, du figuratif, il y a vraiment pour tous les goûts", sou den Direkter art3f Serge Beninca.
Och wann eenzel Kënschtler present sinn, ass et am Fong eng Ausstellung vun de Galeristen. Déi mat deene mir geschwat hunn, hu sech zefridde mat der Organisatioun gewisen. Verschiddener gesi Lëtzebuerger Spezifizitéiten, anerer manner.
"Also ich finde, die Ausstellung ist sehr professionell, das Niveau der Bilder ist außerordentlich hoch. Wir haben schon viele solcher Ausstellungen gesehen, da ist eher ein amateurhaftes Klima, hier ist es professionell, das ist ganz toll, ganz toll", sou de Kënschtler aus der Schwäiz Walter Diem.
"Ech molen abstrakt Biller a schaffe vill mat Faarwen. Hei zu Lëtzebuerg hunn d'Leit faarweg Biller gären, dowéinst ass de Feedback ganz positiv. Vill méi positiv wéi zum Beispill an Holland. De Leit gefalen d'Faarwen, dat mécht mech wierklech frou", dat d'Ausso vun der Kënschtlerin aus Holland Laura Notari.
"Quelque chose de spéciale, pas spécialement. Mais je suis pas représenté par exemple par une galérie ici au Luxembourg. Je suis en Belgique, je suis en Allemagne, mais je suis pas ici. Donc voilà, c'est une opportunité aussi de montrer mon travail au public luxembourgeois", sou d'Kënschtlerin aus Frankräich Christine Barres.
Wat d'Visiteuren ugeet, sou kommen déi meescht just kucken. Ma 10 Prozent géingen och kafen an zu Lëtzebuerg wieren d'Erwaardunge méi héich wéi op villen anere Plazen. D'Präisser leien dem Organisateur no generell tëscht 2.000 an 10.000 Euro. Ma et soll een awer och scho Wierker fir 200 Euro fannen, fir anerer muss ee méi wéi 100.000 op den Dësch leeën. Den Organisateur rechent mat bis zu 18.000 Visiteuren, de Galeristen no war et bis elo awer nach éischter roueg.
Wie sech op der Plaz ee Bild vun der Ausstellung maache wëllt, dee kann dat nach den Owend bis 22 Auer an dee ganze Weekend maachen. E Samschdeg ass tëscht 11 Auer moies an 20 Auer owes an e Sonndeg tëscht 11 Auer moies an 19 Auer owes op.