Am Dossier Mudam sollen d‘Deputéiert deemnächst Abléck an d‘Conclusioune vum externen Audit kréien.

Dat ass aus der parlamentarescher Kulturkommissioun zeréckzebehalen, an där et ëm eventuell Mëssstänn bei der Gerance an der Gouvernance vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean goung. RTL hat rezent heiriwwer bericht an hat sech op Dokumenter, Plainten an Departe beruff.

Mudam / Reportage Pit Everling

D‘Oppositioun war no der Sëtzung net frou, datt de liberale Kulturminister Eric Thill net méi Informatiounen erausginn huet.
De Ressortminister léisst déi Reprochen net gëllen a verweist drop, datt d‘Chamber geschwënn Informatioune kréich.
Et géife Spannunge ginn an de Conseil d‘Administration mat sengem neie President géing elo seng Aarbecht maachen a fir Opklärung suergen.
 
Weider sot den Eric Thill, datt am Moment Informatioune géifen zirkuléieren, bei deene sech vill op eng Persoun géif konzentréiert ginn, an datt net all d‘Säiten duergestallt wieren.

De Verwaltungsrot an d‘Directrice Bettina Steinbrügge hätten op alle Fall bis op Weideres säi Vertrauen, sou nach den Eric Thill, deen d‘Parlament an engem hallwe Joer iwwer eventuell Conclusioune an dësem Dossier wëll informéieren.

RTL hat iwwregens am Kader vun de Recherchen eng Reaktioun bei der Mudam- Directrice ugefrot. D‘Bettina Steinbrügge hat déi Offer awer net ugeholl.