Seng Filmer, virun allem déi fréi Wierker, sinn alles anescht wéi ästhetesch, Wierder wéi "eekleg" oder "ofstoussend" géifen dem Waters seng Filmer wuel besser beschreiwen... An dach gëllt hien als Pionéier vum Kino, och wann hien d'Grenze vu genee deem Medium deels bis un d'Limitten ausgereizt huet.

Wann ee kuckt, vu wou de Waters ass an aus wéi engem Milieu hien a sech hierkënnt, ass et ëm sou méi verwonnerlech, wann ee weess, wat spéider fir e spezielle Artist aus him sollt ginn. Gebuer an opgewuess ass hien zu Baltimore am US-Bundesstaat Maryland, dat an enger kathoulescher Famill aus der gehuewener Mëttelschicht.

Hei huet hie fréi ugefaangen, mat enger Super-8-Kamera vun den Elteren ze experimentéieren. Och wann d'Film-Héichschoul a sech ugepeilt war, huet hien, wéi sou vill aner Skandal-Regisseure virun him an no him, dunn dach e grousse Bou dorëm gemaach an huet ugefaangen, op eege Fauscht Kuerzfilmer ze dréien.

Ëmmer méi huet hie sech mat grousser Passioun am Underground rëmgedriwwen, dat, wann och net nëmmen, ma virun allem an der Queer-Zeen. Hei huet hien dann och ënnert anerem ugefaangen, bewosst mat Leit aus der Homosexuellen- an Drag-Zeen ze schaffen a geziilt Filmer ze maachen, déi sollte provozéieren an et och bis haut maachen.

Ob Drag-Queens déi Fäkalien iessen, jonk anarchesch Krimineller oder Mammen, déi sech op eemol als Seriekiller entpoppen... No an no gëtt aus dem Waters, deen iwwregens selwer ganz oppen homosexuell ass, den Trash-Poopst vum US-Kino, deen eben nieft dem Geschmacklosen, och kloer an offensichtlech vill Fräiraum fir humoristesch a gesellschaftskritesch Elementer a senge Filmer léisst, op déi ee sech muss aloossen. Ma genee dat ass et, wat dem Waters seng Filmer ausmécht a se sou speziell an eenzegaarteg wierke léisst. En onverkennbare Stil eben, wéi dat bei deene meeschten héichklassege Regisseuren de Fall ass.

E Film vum US-Amerikaner John Waters op de réie Mo ze kucken, ass definitiv keng gutt Iddi, virun allem wann ee seng Filmer nach net kennt. Zu senge bekanntste Wierker gehéiere wuel Haispray aus dem Joer 1988, Serial Mom aus dem Joer 1994 an natierlech Pink Flamingos, dee Film, deen hie weltwäit bekannt gemaach huet an als "Must See" gëllt, wann een an de Film-Universum vum John Waters andauche wëll. Ma d'Lëscht mat senge Filmer a Kuerzfilmer ass laang, och wa säi leschte Film "A Dirty Shame" schonn e bëssen zeréck läit, dësen ass nämlech aus dem Joer 2004. 2023 huet hien dunn och nach e Stär um weltbekannten Hollywood Walk of Fame an der Kategorie "Film" kritt.

Wéi gutt kenns du dech mam John Waters a senge Filmer aus? Test däi Wëssen a probéier, all Fro richteg ze beäntwerten.