Zwee grouss Gebuertsdagseventer
Am September gëtt de ronne Gebuertsdag vum gréisste Concertssall am Land gefeiert. Op enger Pressekonferenz huet den Direkter vun der Rockhal de Bléck no hannen an och no vir geworf.
Wie Rockhal seet, seet net just Concerten an Evenementer, mee och de Rocklab gehéiert dozou. Déi Plaz, wou d'Lëtzebuerger Artisten ënnert d'Äerm gegraff kréie mat hire Projeten, fir se auszebauen an och ze exportéieren. Fir den Direkter Olivier Toth ass dat och d'Stäerkt vum Haus, béides kënne mateneen ze verbannen.
"Dat heescht, mir hunn d'Méiglechkeet engersäits den, ech soen elo mol, 'Trainingscamp' ze betreien an deen opzestellen, anerersäits hu mer awer och d'Méiglechkeet, iwwer de ganze Volet vun de Concerten déi Artisten dann och op d'Bün ze setzen."
A genee dorop wëll een och an Zukunft weider setzen. Et géif een ëmmer kucken, wéi ee sech weider entwéckele kann. Wärend an och no der Pandemie war et awer net ëmmer einfach, an och dono huet sech Villes verännert.
"Zum Beispill ee vun de Phenomener, dee mer gesinn hunn, dat ass zwar Post-Covid, dass op eemol verschidde vun den Touren, vun deene groussen Touren, sech vun de Festivallen eriwwer an d'Stadien deplacéiert hunn. Spréch de Repertoire, dee mir hunn, och am grousse Sall, huet sech e bëssen deplacéiert, huet sech verännert. Wat hu mer als Konsequenz awer gesinn? Mir hu vill méi am klenge Sall gemaach. An net nëmmen hu mer vill méi am klenge Sall gemaach, mir hu vill méi Ticketen am klenge Sall verkaaft."

Direkter vun der Rockhal Olivier Toth / © rtl.lu
Den 23. September 2005 sinn d'Diere vun der Rockhal opgaangen. 20 Joer méi spéit gëtt dat mat zwee groussen Evenementer gefeiert. Den Éischten ass de 24. September mat enger Show "Made in Luxembourg".
"Et ass eng grouss Show vun 20 Joer Musek zu Lëtzebuerg, Musek an der Rockhal. Mir hunn eng Kompilatioun gemaach vun enger ganzer Serie vu Projeten, Artisten, Solo, Bands, queesch doduerch, déi eis Geschicht, eis 20 Joer beaflosst hunn."
Eng Haus-Band mat 20 Museker wäert permanent op der Bün stoen an dann déi ronn 40 Interprete begleeden. Dozou gehéiert zum Beispill: Angel at My Table, Mutiny on the Bounty, De Läb, Seed to Tree oder Claire Parsons. E gratis Evenement, dat déi Lëtzebuerger Musekszeen feiere soll. Dräi Deeg drop de 27. September gëtt et da mat "Monumental Tour" eng Premiere zu Lëtzebuerg.
"En enorme Spektakel vun elektronescher Musek, zesummen mat visueller Beliichtung, Laser, Mapping, alles, wat der iech virstelle kënnt."
Net just d'Rockhal, mee och d'Héichiewe gi bei deem Evenement, dee mam Fonds Belval organiséiert gëtt, en Valeur gesat.