Am Virfeld vun de Concerte vum Luxexpo Open Air huet d'Produktiounsleederin Rahel eis e Bléck hannert d'Kulisse ginn.

Et ass ee vun den Highlights vum Lëtzebuerger Summer. E Méindeg den Owend war den éischte Concert um Luxexpo Open Air Festival, den Optakt huet déi legendär Band Green Day gemaach. Elo en Dënschdeg den Owend ass de Sting zeréck zu Lëtzebuerg.

D’Preparatioune fir sou e Festival fänken awer scho Méint virdrun un, sou datt hei bei der Luxexpo och alles klappt. Schonn d’lescht Woch gouf hei bei grousser Hëtzt vill geschafft, fir datt déi dausende Leit elo an de nächste Wochen hei super Showe kënne genéissen.

Geréiert gëtt déi ganz Produktioun ënnert anerem vum Rahel Feidler. Als Produktiounsleederin ass een dofir verantwortlech, datt alles rullt an d’Concerten ouni Problem kënnen organiséiert ginn. D’Rahel gouf fir de Luxexpo Open Air extra vum Atelier gebucht; schonn 2019 wou Rammstein um Herchesfeld opgetrueden ass, war et en Deel vun der Produktioun – en Highlight aus senger Karriär.

D'Stëmmung virum Sting-Concert bei der Luxexpo
De Pitt Wagner huet d'Spectateuren op der Plaz gefrot, wéi sech op déi waarm Temperature beim Open-Air-Concert preparéieren.

Schonn am November huet d'Rahel sech eng éischte Kéier mat de Summeroptrëtter vun dësem Mount ausernee gesat, zanter deem schafft een intensiv op dës Concerten hin.

Dëst Joer sinn et iwwregens 16.000 Leit, déi hei op de Site passen – et ass e grousse Projet, sechs Open-Air Concerte stinn un.

D’Rahel huet scho vill a senger Karriär erlieft, weess wéi ee mam Zäitdrock ëmgeet a wann et muss sinn, da ginn et och Nuetsschichten.

400 Mataarbechter huet den Atelier an de nächste Wochen hei am Asaz, fir datt fir d’Showen alles klappt. Et sinn ustrengend Zäite fir de Concertsorganisateur Atelier, hei bei der Luxexpo an um Site bei der Abtei Neimënster empfänke si an de nächste Wochen eng ronn 80.000 Concertsvisiteuren.

RTL

© Loïc Juchem

Sou e Festival kascht vill Geld a muss sech rentéieren, mat groussen Nimm kritt ee sou natierlech och vill Leit ugezunn an et géing alles opgoen.

Fir d’Rahel geet et elo drëms, an de nächsten Deeg d’Produktioun ze leeden an de Bands hiren Ufuerderunge gerecht ze ginn; grouss amerikanesch Bands hunn natierlech hir Uspréch, mee alles wier machbar. Sollt et awer mol méi komplizéiert ginn, dann heescht et Kompromësser sichen an da fënnt een och ëmmer eng Léisung.

An der Belsche, Holland an hei zu Lëtzebuerg schafft d’Rahel; fir de Luxexpo Open Air ass et elo mol fir eng ganz Rei Shows am Grand-Duché, dertëscht stinn aner Produktiounen um Programm.

RTL

© Loïc Juchem