Déi beléifte Late-Night-Sendung wäert am Mee 2026 op en Enn goen.

Dat huet de Moderator vun der "Late Show", de Satiriker Stephen Colbert an der Emissioun vun en Donneschdeg matgedeelt. D'Sendung huet am éischte Quartal vun dësem Joer mat ronn 2,4 Millioune Spectateuren zu de beléiftste Late-Night-Sendungem am amerikanesche Fernsee gezielt.

Vun 1993 bis 2015 war den David Letterman Moderator vun der "Late Show". Zanter 2015 ass de Stephen Colbert d'Gesiicht an d'Stëmm vun der Sendung. Hien ass fir seng staark Kritik um US-President Donald Trump bekannt. Kierzlech hat hien de Fait, dass de CBS-Mammekonzern "Paramount" der Fondatioun vun der Trump-Famill am Kader vun enger aussergeriichtlecher Eenegung 16 Milliounen Dollar bezilt, staark kritiséiert. De Colbert huet an dësem Zesummenhang vun enger "fetter Bestiechung" geschwat. Den Donald Trump hat dem Mediekonzern reprochéiert, en Interview mat deemoleger Presidentschaftskandidatin vun den Demokraten, der Kamala Harris esou geschnidden ze hunn, dass hir Äntwerte méi koherent wierken, wéi dat eigentlech de Fall war.

"Paramount" wëll aktuell jo mam Entertainment-Konzern "Skydance" fusionéieren a brauch dofir den Accord vun der US-Regierung. Vu CBS heescht et, dass een aus reng finanzielle Grënn mat der Diffusioun vun der "Late Show" géing ophalen. D'Decisioun hätt näischt mam Inhalt vun der Sendung oder der aktueller Situatioun vu "Paramount" ze dinn. Kritiker gesinn dat allerdéngs anescht. Si verweisen op de Fait, dass d'Decisioun, d'Sendung ofzesetzen nëmmen dräi Deeg nom Colbert senger Kritik um finanzielle Verglach tëscht "Paramount" an dem Donald Trump kënnt.

Antëscht huet dann och den Donald Trump perséinlech op den Aus vun der Sendung reagéiert. Hie wier begeeschtert, dass de Stephen Colbert seng Plaz verluer hätt, sou den US-President op sengem Social-Media-Déngscht "Truth Social". Dem Colbert säin Talent wier nach méi kleng gewiescht, ewéi seng Aschaltquoten.