Déi nei Applikatioun LuxASR vun der Universitéit Lëtzebuerg ass an de jeeweilege Storë fir iOS an Android ze kréien. Se ass intuitiv an effikass.

Wéi dacks huet ee sech scho gewënscht, séier aus geschwatener Sprooch geschriwwe Sprooch ze maachen, also Wierder aus dem Mond a Schrëft ze verwandelen, also dat Gesotent einfach ze transkribéieren? Esou Speech-to-Text genannte Systemer gëtt et der jo antëscht eng Hellewull, ma dat net just fir "friem" Sproochen, mee mëttlerweil och fir d'Lëtzebuergescht.

Nieft der Sproochmaschinn vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gëtt et och LuxASR vun der Uni Lëtzebuerg, méi genee vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft.

App: "séier an ouni vill Geklicks"

De Sproocherkennungssystem LuxASR gëtt et schonn eng ganz Zäitchen, nei ass elo, datt et LuxASR och als App fir de Smartphone gëtt an dat esouwuel fir iOS wéi och fir Android. (ASR steet iwweregens fir Automatic Speech Recognition.)

"Wärend de Webinterface vu LuxASR eng Rëtsch vu weidere Funktiounen huet, ass d’LuxASR-App éischter dofir geduecht, séier an ouni vill Geklicks en Audio an den Text ëmzewandelen", heescht et um Internetsite Infolux vum Uni-Institut. A weider: "Egal ob Dir ënnerwee séier eng Notiz diktéieren, en Interview oder e Video transkribéieren oder eng Sproochnoriicht an Textform brénge wëllt – LuxASR hëlleft Iech."

RTL

Wéi eng Funktiounen huet déi nei App?

Déi App vun der Uni iwwerzeegt duerch hir Intuitivitéit an hir Effikassitéit. Natierlech mécht d'App wéi all Sproocherkennungssoftware nach heiansdo Feeler an d'Qualitéit vun der Transkriptioun hänkt och vun der Qualitéit vun der Opnam of, dofir ëmmer besser nach eemol iwwerliesen, mee séier en Text transkribéiere loossen, ass mat LuxASR keng Affär, an en dono deelen och net.

D'App funktionéiert esou:

  • Entweeder eng Direkt-Opnam mam Mikro vum Handy maachen ...
  • ... oder en Audio-Fichier eroplueden (oder e Video, an deem Fall gëtt den Audio extrahéiert); e Fichier kann direkt aus enger anerer App (z. B. WhatsApp) mat LuxASR gedeelt ginn.
  • D'App fänkt direkt un, ze verschrëftlechen, esoubal d'Opnam disponibel ass.
  • Den transkribéierten Text ka mat engem Klick an aner Appen transferéiert ginn (z. B. an en E-Mail-Programm, a WhatsApp oder an d'Notizen).
  • A wat den Dateschutz ugeet: All d'Opname gi sécher verschafft op engem Server zu Lëtzebuerg, se ginn net gespäichert a se ginn och net viruginn, verséchert d'Uni.

D’App LuxASR vum Prof. Dr. Peter Gilles vun der Uni.lu ka gratis am App Store oder op Google Play erofgeluede ginn.

RTL