Zwee grouss Evenementer mam Picadilly an dem e-Lake
Wien dëse Weekend nach näischt vir huet, kritt direkt zweemol d’Geleeënheet aus dem Haus ze goen.
Um Picadilly op der Musel kann ee bei engem Glas Wäin e flotten Owend verbréngen an um E-Lake Festival zu Iechternach dréint sech alles ronderëm d’Musek. D’Virbereedunge fir béid Fester sinn den Ament voll am gaangen.
Picadilly
Zu Stadbriedemes steet dat grousst Picadilly-Zelt schonn op der Wiss. D’Béierbänke sinn och schonn am gaangen, opgeriicht ze ginn an et sinn eigentlech just nach kleng Detailer, déi fir de Start vum Wäin- a Wënzerfest mussen an d’Rei gemaach ginn. Déi eenzel Buvetten, Sanitäranlagen a weider mussen nach op déi richteg Plaz gestallt ginn an dann ass alles prett, fir 3 Deeg laang ze feieren.

De Picadilly, d’Wäifest ronderëm dat séisst Gedrénks mam nämmlechte Numm, gëtt schonn zanter 68 Editiounen organiséiert. Et ass also eng Traditioun, déi op der Musel net méi ewech ze denken ass. Deementspriechend ass ee beim Syndicat d’initiative vu Stadbriedemes op alles virbereet an d’Preparatioune géife bis ewell gutt verlafen, esou de Michel Marx vun der Organisatioun.
„Mir sinn am Fong scho ganz gutt ënnerwee. Och elo, wou d’Wieder sech verbessert, komme mer ganz gutt virun. Ech mengen, dee gréissten Challenge, dee mir hei op der Wiss hunn, dat ass, dass mer hei op enger Wiss sinn. Dat heescht, d’Infrastrukture sinn net do, mir musse kucken, fir Sanitäranlagen a Stroum heihin ze kréien. Dat ass net alles esou evident.“
e-Lake
Eng 40 km weider nërdlech mam Auto, um Iechternacher Séi, lafen dann och schonn d’Preparatioune fir den e-Lake Festival. Änlech wéi beim Picadilly ass een dat ganzt Joer mat Virbereedunge beschäftegt, ma dee ganzen Opbau op der Plaz, fir en erfollegräiche Weekend kënnen ze garantéieren, fänkt awer och hei eréischt e puer Woche virdrun un, seet de Jempy Hoffmann aus der Organisatioun vum e-Lake.
„D’Preparatioune lafen den Ament ganz gutt, dat heescht, mir si schonn eng ganz Zäit amgaangen hei. Vill Fräiwëlleger, déi um Site sinn an awer och vill Entreprisen, déi scho säit e puer Deeg amgaange si vill opzeriichten.“
Den e-Lake ass virun allem fir elektronesch Musek bekannt, dohier och de Numm, ma et kritt een awer mëttlerweil eng ganze Panoplie un nationalen an internationale Museker gebueden. Dëst Joer grouss dobäi ass den NOSI, deen och um Tomorrowland Festival opgetrueden ass. Da sinn awer och déi klassesch Lëtzebuerger Museker, wéi Schëppe Siewen, De Läb, oder de Serge Tonnar mat dobäi. Dee ganze Line-up vum Festival fannt dir op
Schonn ëmmer goufe béid Fester um nämmlechte Weekend am August organiséiert an dat ass och dëst Joer erëm de Fall. Dat wier awer fir kee vun den Organisateuren e Probleem. Déi leschte Jore wiere se allebéid ëmmer e Succès gewiescht, wat zum Deel un enger anerer Clientèle géif leien. Wann een awer wëll, kann een, doduerch dass de Picadilly wéi och den e-Lake, vu freides bis sonndes organiséiert ginn, och op déi zwou Plaze goen.