Wéi et de Medien no heescht, wier hien op senger Harley-Davidson mat engem BMW-SUV kollidéiert a kuerz drop gestuerwen.

De Brent Hinds war ee vun de bekanntste Museker an der Metal-Zeen a war virun allem bekannt als Grënnungsmember vun der Band "Mastodon", déi Milliounen u Placken an CDen verkaaft hunn. Nëmme kuerz nodeems den Hinds aus der Band erausgaangen ass, dat no engem heftegen a chaotesche Sträit, ass hien elo gestuerwen, dat mat nëmmen 51 Joer. Och wann hien am Sträit d'Band verlooss huet, war de Schock bei senge Band-Kolleege grouss, wéi si vum Dout vum Hinds gewuer gi sinn.

Wéi et de Medien no heescht, wier hien op senger Harley-Davidson mat engem BMW-SUV kollidéiert, wéi dësen dem Hinds d'Virfaart geholl huet. Geschitt ass dëst zu Atlanta an den USA, dat op der Kräizung Memorial Drive a Boulevard. D'Autoritéiten op der Plaz konnte just nach den Doud vum weltbekannte Museker feststellen.

D'Band huet reegelméisseg zesumme mat Metal-Gréisste wéi Iron Maiden, Metallica oder Deftones zesumme getourt, ware vir de Grammy nominéiert an hu wäit iwwert eng Millioun Albe verkaaft.