1984 hat d'Stater Fotohéik hir Dieren opgemaach. Aktuell ëmfaasst hire Sammlungsbestand ëm déi sechs Millioune Fotografien, déi tëscht 1855 an haut entstane sinn.

An der Summerexpo “Nature, captured and framed” konnt een iwwert déi lescht zwee Méint Fotoen aus den Archive vun der Fotothéik entdecke, déi sech op ganz divers Aart a Weis mam Thema “Natur” befaasst hunn.

Ma wéi vill Leit sinn iwwerhaapt an der Fotothéik beschäftegt a wéi verleeft de Prozess wann een eng bestëmmte Foto wëll fannen?

Mir hunn hannert d'Kulissen vum Foto-Archiv vun der Stad Lëtzebuerg gekuckt.