Déi nei Kultursaison ass elo offiziell lancéiert
Um Theaterfest op der Place d’Armes an der Stad gouf offiziell d’Saison 2025/26 lancéiert.
Op ronn 20 Informatiounsstänn vun deenen ënnerschiddlechsten Theateren a Kulturhaiser konnt een net nëmmen déi eenzel Institutioune kenneléieren, mee natierlech och gewuer ginn, wat an der kommender Saison alles um Programm steet.
Dëst Joer kann ee sech alt erëm eng Kéier op vill verschidde Spektakele freeën. An de leschte Jore konnt sech déi nach jonk Theaterzeen zu Lëtzebuerg ëmmer méi etabléiert a gëtt vu Joer zu Joer méi divers. Fir déi nei Saison huet ee sech elo virgeholl och nach méi Produktiounen op Englesch unzebidden, fir deem groussen internationale Publik zu Lëtzebuerg entgéint ze kommen. Dëst wier eppes, wat schonn an der vergaangener Saison gutt ukomm wier an och vu ville Lëtzebuerger appreciéiert gëtt.
Natierlech kann een an der neier Saison och vill Produktiounen op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch kucke goen.
Et gëtt dëst Joer e groussen a virun allem diverse Programm ugebuede, vu klassesche Stécker, wéi Hänsel a Gréidel bis hin zum Arthur Schnitzler senger Traumnovelle als Reprise. Donieft ginn et awer, wéi all Joer, och eng Rei nei Stécker vu
groussen a klengen Ensembelen ze entdecken
Och den Danz géif an de leschte Jore besonnesch gutt beim Lëtzebuerger Publik ukommen, erzielt de President vun der Theaterfederatioun Sascha Dahm. Deementspriechend steet an dëser Saison och vill Danz um Programm an et erhofft ee sech duerch eng Professionaliséierung vun der Lëtzebuerger Theater- an Danzzeen, weiderhin um internationale Niveau bei grousse Festivalle wéi zum Beispill dem Fringe Festival a Schottland, dobäi ze sinn. Et géif ee gesinn, esou de Sascha Dahm, dass et zu Lëtzebuerg awer ëmmer nach e Besoin fir eng kulturell Offer gëtt.
Déi ganz Programmatioun vun den eenzelen Institutioune fënnt een op de jeeweilegen Internetsitten oder op den Onlineplattforme vun der Theaterfederatioun.