30 Joer am Déngscht vun der Lëtzebuerger Literatur

Den nationale Literaturarchiv am Servais-Haus zu Miersch ass dat literarescht Gediechtnis vu Lëtzebuerg - an dat zënter 30 Joer. Mä d'Equipe ronderëm d'Directrice Nathalie Jacoby mécht vill méi wéi just Manuskripter ze sammelen an ze archivéieren. Ausstellungen, Liesunge mat Lëtzebuerger an internationalen Auteuren a fix Rendezvousen wéi d'Iwwerreechung vum Servais-Präis oder vum  Nationale Literaturconcours: den CNL ass eng Plaz wou sech literaturbegeeschtert Leit begéinen an austausche kënnen.

RTL

Mam Autorelexikon huet déi deemooleg Directrice Germaine Goetzinger 2007 e wäertvollt Referenzwierk an d'Liewe geruff, dat zënter 2011 och online disponibel ass a wou ee mat engem Klick erausfanne kann wien, wéini, wat zu Lëtzebuerg geschriwwen huet. Eng Aarbecht déi hiren Nofolger Claude D.Conter mat senger Equipe weidergefouert an ausgebaut huet. Zënter 2020 ass d'Nathalie Jacoby zu Miersch an der Verantwortung an den Autorelexikon wiisst monter weider. Just 2022 war e kuerzzäiteg net accessibel, dat wéinst den uergen Iwwerschwemmungen déi och d'Servais-Haus schwéier getraff hunn. Mëttlerweil sinn d'Spuere vun den Iwwerschwemmungen gréisstendeels verschwonnen an de CNL mécht sech prett fir seng 30 Joer ze feieren. An Dir kënnt matfeieren! Detailer doriwwer an iwwer déi nei Ausstellung mam Titel "Erageluusst" fannt Dir am Pressecommuniqué hei drënner

RTL

Pressecommuniqué vum CNL:
16.09.2025
Den 22. September feiert de Centre national de littérature / Lëtzebuerger Literaturarchiv säin 30. Gebuertsdag mat enger Feier, bei där d’Literatur an d’Maison Servais am Mëttelpunkt stinn.
Am Kader vun dësem Anniversaire kann een och d’Ausstellung Erageluusst kucke kommen, an där de CNL seng Aarbecht a seng Missioune virstellt, an an där ee vill ongewéinlech Dokumenter an Archivalien entdecke kann.
30 Joer CNL: Méindeg, 22. September, 19h30 (Umeldung iwwert de Site vum CNL)
Erageluusst: Méindes bis Freides, 9h00-17h00 (gratis, Umeldung ass net néideg)

RTL

Centre national de littérature
2, rue Emmanuel Servais
L-7565 Mersch
www.cnl.public.lu