D'Danzproduktioun "score"
En Danz deen duerch Computercodë choreograféiert gëtt
"score" vum Isaiah Wilson
"score" um Edinburgh Festival Fringe
"score" hannerfreet de fräie Wëllen, dem Mënsch seng Relatioun zur Technologie an d’Absurditéit déi dës mat sech bréngt.
"score" ass eng vu véier Lëtzebuerger Danzproduktiounen, déi dëst Joer um Edinburgh Festival Fringe präsentéiert goufen.
Et ass eng Kreatioun, déi de Public an eng dystopesch Welt féiert.
Een Dänzer an zwou Dänzerinnen sëtzen op Klappstill, verkabelt mat zech Elektroden. D’Beweegunge vun hirem Kierper si ferngesteiert.
D’Choreografie entsteet duerch déi elektresch Stimulatioun vun 12 bestëmmte Muskelen.
Am meeschte gelies