Bands trieden am Atelier op, fir enger Lëtzebuerger Punk-Legend ze gedenken

E Sonndeg den 28. September gëtt am Atelier un de verstuerwene Museker geduecht, dee Mëtt Juli am Alter vun nëmmen 42 Joer bei engem Verkéiersaccident ëm d'Liewe koum.
An deem Kader spillt dem Pascal vu Wooltz (mam biergerlechen Numm Pascal Alff) seng fréier Band Weakonstruction e Sonndeg den 28. September am Atelier an der Stad e Concert. Dat, fir dem Lëtzebuerger Museker, dee sech virun allem an der Punk-Zeen am Land en Numm gemaach hat a vu ville Leit a Kënschtler geschätzt gouf, ze gedenken.
Musikalesch begleet gëtt Weakonstruction e Sonndeg de Mëtteg vun enger ganzer Partie Gäscht, ënnert anerem vu nationale Gréisste wéi Versus You, Toxkäpp!, Petrograd, Schëppe Siwen, The Disliked an nach villen anere Bands a Kënschtler. Op dësem Owend ass dem Organisateur no jidderee wëllkomm, deen dem Pascal vu Wooltz eng lescht Éier erweisen an d'Liewe vum Punk-Museker feiere wëll.

Lass geet et e Sonndeg um 14 Auer, Musek gëtt et vu 15 Auer un. Den Entrée am Atelier ass gratis, ma et kann een awer eng Spend deen Dag ofginn. Alles wat iwwert dee Wee erakënnt, geet un d'Fondatioun Thierry van Werveke. Méi Infoe ginn et um Site vum Atelier.