Centre Pompidou zu Paräis gëtt komplett ëmgebaut

© AFP
E gehéiert zum Häerzstéck vu Paräis, de Centre Pompidou. All Joer zitt e fënnef Millioune Kulturbegeeschterter un, ma elo ass déi nächst fënnef Joer Schluss.
Déi nächst fënnef Joer kann een de Musée just nach vu bausse bewonneren. Vun en Dënschdeg u gëtt de Centre Pompidou nämlech renovéiert an ëmgebaut. E Méindeg war deemno dee leschten Dag fir eng gutt Zäit, op deem ee konnt passéieren a sech d'Ausstellung vum däitsche Fotograf Wolfgang Tillmans ukucken. An dat ausnamsweis esouguer gratis.
D'lescht Joer hat de Centre Pompidou gutt fënnef Millioune Visiteuren ugezunn. D'Dauerausstellunge vu Kënschtler wéi Louise Bourgeois, Marc Chagall, Otto Dix, Frida Kahlo, Wassily Kandinsky, Henri Matisse a Piet Mondrian ware schonn am Mäerz zougemaach ginn. D'Wierker ze raumen, war eng Mammut-Aufgab, eleng fir d'Installatioun vum däitsche Kënschtler Anselm Kiefer ze transportéieren, huet missen eng gliese Fassade deels demontéiert ginn. Den Owend mécht de Musée ganz zou.
D'Konschtwierker ginn deels a Lagere stockéiert, aner Stécker ginn zäitweis a Muséeë weltwäit gewisen. En Deel vun de Sammlungen, déi ëmmerhin 150.000 Wierker zielt, kann ee sech och nach am frësch renovéierte Grand Palais ukucken.
De Musée fir modern an zäitgenëssesch Konscht hat 1977 seng Dieren opgemaach. Den Numm krut e vum Initiator an deemolege President Georges Pompidou, deen eng Kulturplaz schafe wollt, dee Mënsche aus alle Gesellschaftsschichten unzitt. D'Architekte Renzo Piano a Richard Rogers hunn en aussergewéinlecht Gebai kreéiert mat risegen Ausstellungsflächen an dofir waren d'Réier an d'Rolltrapen no bausse verluecht ginn. Deemools hat dat hefteg Kritik ausgeléist, haut kéint ee sech de Centre Pompidou, sou wéi en do steet, net méi ewechdenken a gehéiert zu engem vun den Haaptattraktioune vu Paräis.
D'Gebai soll elo mol vum Asbest befreit ginn an da soll nei isoléiert ginn, fir d'Heizkäschten esou ëm 40 Prozent ze reduzéieren. Um siwente Stack soll eng nei grouss Terrass entstoen. "Mir hoffen, dass d'Visiteure genee sou beandrockt si wéi 1977", sou nach de Muséesdirekter de Laurent Le Bon. De Käschtepunkt gëtt op 460 Milliounen Euro geschat. De Staat iwwerhëlt 280 Milliounen, ma och international Partnerschaften hëllefe beim Finanzéieren. D'nächst Joe sollen donieft nach zwou Filialen opmaachen, zu Bréissel a Seoul. De Centre Pompidou zu Paräis soll 2030 nees opmaachen.