De Fausti, d'Monica, den Hanni-Banni oder eng ganz Rei Kannerfilmer op Lëtzebuergesch – alles dat verbënnt ee mam Jang Linster an deem senge Studioen zu Fréiseng.

Enn 2024 koum et zu engem Changement, d'Linster Studioe goufen iwwerholl a schloen domat en neit Kapitel op. Kannerfilmer a Kannermusek sti vun elo un net méi op der Dagesuerdnung.

De Christophe Strotz, de Museker a Produzent huet Enn 2024 d'Linster Studios iwwerholl. Zanter 2009 huet hie beim Jang Linster geschafft an huet sech elo no all deene Jore prett gefillt, fir en neie Challenge a wollt de Lead vun dëser Institutioun iwwerhuelen. Virun allem fokusséiert hie sech elo op Musekproduktiounen an ass am Beräich vun de Publicitéite fir Entreprisen ënnerwee. Hie wëll de Marken eng Identitéit kreéieren, dat mat deene Sounds déi an de Linster Studios produzéiert ginn.
 
Modern Raimlechkeeten, nei Technologie an och en neie Look wollt de Christophe Strotz de Linster Studios ginn. Et ass quasi eng nei Ära – zanter 1985 ginn et dës Studioen elo an et wéilt een net alles änneren, mee sech einfach och emol nei erfannen. De Jang Linster huet e Fausti oder Monica entdeckt, huet awer och engem Marion Welter säin ESC Song 1992 komponéiert oder eng sëllege Kannerfilmer vertount an erausbruecht. Och d'Simpsons zielen zu de grousse Projeten. De Christophe geet elo awer en anere Wee an iwwerléisst dem Jang Linster d'Kannerproduktiounen, deen déi och nach weiderhi wäert maachen.

Den Numm bleift, soss wëll ee sech awer eng nei Identitéit ginn - Musek, Publicitéiten, Podcasten – jee alles, wat een am Tounstudio ka produzéieren, maache se an de Linster Studios an dat, ouni de Succès vum Studio ënnert dem Jang Linster sengem jorelaange Lead ze vergiessen.