Eng sëllegen Artisten aus der Lëtzebuerger Punk-Zeen, dorënner och dem Pascal seng Band "Weakonstruction" hunn e Sonndeg am Atelier gespillt.

E Sonndeg den Owend gouf am Atelier an der Stad un de verstuerwene Museker “Pascal vu Wooltz” geduecht, dee Mëtt Juli am Alter vun nëmmen 42 Joer bei engem tragesche Verkéiersaccident ëm d'Liewe komm ass.

D’Punk-Zeen aus ganz Lëtzebuerg a souguer driwwer eraus hu sech hei zesumme fonnt, fir dem Museker Pascal Alff ze gedenken.

Op der Bühn stoungen iwwert de ganze Mëtteg bis nach den Owend Museker a Bands wéi Versus You, Disliked, Toxkäpp a vill anerer, fir him, viru groussem Publik, eng lescht Éier z’erweisen.
 
Den Giordano Bruno, Matorganisateur vum Owend a Member bei "Versus You": “An eiser Punk-Zeen ass eise Pascal verstuerwen, tragesch verstuewen… An do hu mer all geduecht, mat ‘Kein Bock auf Nazis’, mat der ganzer Punk-Zeen, dass mer eppes organiséiere fir e lescht Undenken un hien an dass mer hien net vergiesse. Dorëms geet et eigentlech. An ech mengen et bréngt eis och all eng Kéier zesummen. “

Den Giordano Bruno, Matorganisateur vum Owend a Member bei "Versus You"
Op der Bün am Atelier stoungen e Sonndeg Museker a Bands wéi Versus You, Disliked, Toxkäpp a vill aner national Bands aus der Punk-Zeen.

Ënnert anerem huet och dem Pascal vu Wooltz seng Band "Weakonstruction" e Sonndeg am Atelier an der Stad gespillt, dat souzesoen als Headliner an Ofschloss vum Owend. De Lëtzebuerger Museker huet sech virun allem an der Punk-Zeen am Land en Numm gemaach a gouf vu ville Leit a Kënschtler geschätzt.

Musikalesch begleet gouf Weakonstruction e Sonndeg de Mëtteg vun enger ganzer Partie Gäscht, ënnert anerem vu nationale Punk-Gréisste wéi Versus You, Toxkäpp!, Petrograd, Schëppe Siwen, The Disliked an nach villen anere Bands a Kënschtler.

Alles wat deen Owend u verkaafter Merch, CDen oder T-Shirten erakoum, goung integral un d'Fondatioun Thierry van Werveke. Och en Deel vum Gedrénks, dat deen Owend am Atelier verkaaft gouf, goung un d'Fondatioun.