Tom Cruise fir säi Liewenswierk ausgezeechent
© AFP
E Sonndeg den Owend goufe wärend de Governors Awards zu Hollywood och d'Éieren-Oscare verdeelt – ënnert de Gewënner den Tom Cruise an d'Dolly Parton.
Fir e richtegen Oscar goung et bis ewell net duer: elo gouf den Tom Cruise mam Éieren-Oscar fir säi Liewenswierk ausgezeechent. Zum Soundtrack vu "Mission Impossible" ass den 63 Joer ale Schauspiller e Sonndeg den Owend op d'Bün vum Dolby Theater zu Hollywood gaangen.
Och bei der Präisiwwerreechung dobäi ware Stars wéi de Regisseur Steven Spielberg, deen de Cruise an de Filmer "Minority Report" a "The War of the Worlds" an Zeen gesat huet. Iwwerreecht gouf déi gëlle Statue vum mexikanesche Produzent Alejandro González Inárritu, Regisseur vum rezentste Film vum Cruise. "Eng véier Minutte laang Ried ze schreiwen, fir dem Tom Cruise seng 45 Joer al Karriär ze wierdegen, ass eng Mission Impossible", huet de Produzent gegeckst.
De Cruise selwer huet vum Kino als eng Plaz, déi "den Désir no Aventuren erwächt". Et géing ëm "den Désir nom Verständnes vun der Mënschheet, der Loscht, Figuren ze erschafen, Geschichten z'erzielen an d'Welt ze gesinn". Den 63 Joer alen Acteur war am Laf vu senger Karriär scho véier Mol fir en Oscar nominéiert: dräi Mol als Schauspiller fir "Born on the Fourth of July", "Jerry Maguire" a "Magnolia" souwéi ee Mol als Produzent fir "Top Gun: Maverick". Ausgezeechent mam wichtegste Filmpräis op der Welt gouf hien awer ni.
D'Éieren-Oscare ginn all Joer vun der amerikanescher Filmakademie iwwerreecht. E Sonndeg den Owend goufen nieft dem Tom Cruise och d'Schauspillerin Debbie Allen, de Produktiounsdesigner Wynn Thomas an d'Country-Sängerin Dolly Parton fir hiren humanitären Engagement mat der gëllener Statue geéiert.