FriddensmessagenAm ukrainesche Pavillon zu Dubai gesäit een d'Ënnerstëtzung

Pitt Wagner
Och op der Weltausstellung zu Dubai huet de Krich seng Spueren hannerlooss, dat awer op eng méi positiv Manéier.
Ukrainesche Pavillon zu Dubai
Och op der Weltausstellung zu Dubai huet de Krich seng Spueren hannerlooss, dat awer op eng méi positiv Manéier.

Dausende Visiteure ginn och den ukrainesche Pavillon kucken, mee do driwwer eraus, hannerloossen d’Leit ee klenge Message, e puer léif Wieder oder ee kuerze Saz, geschriwwen op een Ziedel an opgepecht op d’Mauer vum ukrainesche Pavillon. Esou gesäit ee wéi vill Ënnerstëtzung weltwäit fir dat ukrainescht Vollek gëtt an dat huet och der Ekipp hannert dem Pavillon an dëser fir si schwéierer Zäit e bëssche Courage gemaach. 192 Länner sinn op der Weltausstellung zu Dubai vertrueden, dorënner och d’Ukrain. Hire Pavillon ass an de leschten Deeg reegelrecht vun Ënnerstëtzung iwwerschwemmt ginn.

“Et huet mat zwee Messagë vun de Kanner ugefaangen, duerno sinn se komm an hunn decidéiert hier eege Stickeren opzewäschen, hir Messagen. Méi spéit hunn aner Gäscht dat gesinn a si hunn ugefaangen, hinnen et nozemaachen. Um Enn vum Dag, deen éischten Dag, war déi ganz Mauer, déi een hei gesäit, voll gepecht mat Messagen, komplett, eng fantastesch Saach.”

No engem Dag war d’Mauer voll, mee dat huet d’Leit net ofgehalen, esou dass een elo quasi an deem ganze Pavillon Ziedele peche gesäit mat klenge léiwe Messagen, déi Mutt solle maachen.

“All Dag, wann ee bei de Pavillon kënnt, versteet een, dass een eng grouss Ënnerstëtzung aus der ganzer Welt huet, well hei fënnt ee Messagen an deene verschiddenste Sproochen, vun ënnerschiddlechen Natiounen. Et ass fantastesch a wiermt däin Häerz. Wann ech éierlech sinn, um éischten Dag vum Krich huet d’Ekipp vum ukrainesche Pavillon un engem Stéck gekrasch, kee konnt richteg schaffen, mee wéi dunn dëst Wonner ugefaangen huet ze entstoen, hu mir all erëm nei Kraaft fonnt.”

Déi 40 Membere vun der Ekipp hannert dem ukrainesche Pavillon liewen an der Ongewëssheet, dass sinn Enn Mäerz, wann d’Expo op en Enn geet, net wësse wou si sollen higoen, well heem goen an de Krich ass fir keen eng Optioun.

“Fir mech perséinlech, ech hunn zanter enger Woch kee Kontakt méi zu mengen Elteren, well an der Géigend vu Kiew hu se keen Internet méi, keen Elektresch. Ech hoffen, dass si a Sécherheet sinn a sech bei der Famill gemellt hunn. Ech hoffen, dass mat der Ënnerstëtzung vun eisen internationale Partner, de gemeinsamen Drock op déi russesch Federatioun, déi ekonomesch Sanktiounen an diplomatesche Weeër mir erëm Fridden an eist Land brénge wäerten.”

Ënner deenen dausende vun Ziedelen mat Ënnerstëtzung, a Form vu Wierder drop geschriwwen, liest een am allerdacksten ee Wuert.

Fridden.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO