
An enger Erklärung, déi d’Band op Twitter publizéiert huet, heescht et: “Mir si schockéiert a voller Trauer iwwert de fréizäitegen Doud vun eisem léiwe Frënd, Familljemember a Bandkolleeg Andy “Fletch” Fletcher.” Hir Häerze wiere bei senger Famill a si bieden d’Fans, an dëser schwéierer Zäit u si ze denken an hir Privatsphär ze respektéieren.
Den Andy Fletcher war vum Ufank an den 80er Jore bis haut e feste Member vun der Museksgrupp. D’Ursaach vum Doud vum Museker ass bis ewell net bekannt.
Artikel: De Ray Liotta ass ganz onerwaart am Alter vu 67 Joer am Schlof gestuerwen