En Donneschdeg ass d’Ouverture vum 12. LuxFilmFest. Am Virfeld ouni d’Filmer gesinn ze hunn, ass et natierlech schwéier Commentairen iwwert d’Programmatioun ze maachen. Eng Rei Filmer aus den zwou Kompetitioune sinn schonn op anere Festivaller gelaf, an och ouni déi gutt Kriticken, déi een do liese konnt, dierft ee sech roueg op qualitativ héichwäerteg Filmer verloosse kënnen, wéi dat elo ëmmer déi lescht Joren de Fall war.
Wat mech awer e bësse beonrouegt, ass den neie Label “OUT OF THE BOX”, fir méi experimentell Filmer mat neien, ongewinnten oder hybriden Ausdrocksformen. An deenen zwou Kompetitioune sinn esou 3 Filmer labelliséiert. Ob et sënnvoll ass eng bis elo ëmmer éischtklasseg, awer och extrem exigent Programmatioun, esou nach méi elitär ze gestalten, an nach méi vum Spectateur ofzeverlaangen, woen ech ze bezweifelen. Lëtzebuerg huet keng grouss wierklech cinephil Communautéit, wat sech och um Festival an de leschte Joren a limitéierte Spectateurszuele fir d’Kompetitiounsfilmer ausgedréckt huet. Déi grouss Festivaller fänke wuel och ëmmer méi u Plaz ze maache fir méi experimentell Filmer, dat awer net am Kader vun hirer normaler Kompetitioun, an déi weisen dann och 100 Filmer an net just 7!
Bon, waarde mer emol of wat déi “labelliséiert” Filmer ze bidden hunn, a soss erspuere mer och elo iergendeng Recommandatiounen iwwer Filmer ze maachen, ouni se gesinn ze hunn. Dat huelen ech dann an de nächsten Deeg no.
Allerdéngs kann ech mech iwwert de Jury vun der Fiktiouns-Kompetitioun ouni Problem ausschwätzen, besonnesch, wou et do vill bekannt Gesiichter gëtt. All Festival versicht e besonnesch attraktive Jury zesummekréien. Wat méi grouss Nimm derbäi sinn, wat dat dem Festival méi Kredit an Unerkennung gëtt. Dat ass net nëmme promotiounsméisseg wierksam, mee ka sech och positiv op d’Programmgestaltung auswierken, besonnesch wann et drëm geet international Vendeuren ze iwwerzeegen, hir beschten an neiste Filmer dem Festival unzevertrauen.
Kuerz resuméiert: De President vum Jury de palestinensesche Realisateur an Acteur Elia Suleiman ass e groussen Numm am internationale Kino, mat ënnert anerem ville Selectiounen an och Präisser zu Cannes. D’Suzanne Clément huet als Actrice largement zur fulminanter Karriär vum Xavier Dolan bäigedroen. Déi anglo-amerikanesch Realisatrice Ana Lily Amirpour huet sech weltwäit e Numm gemaach mat hirem “A Girl Walks Home Alone at Night” a mat Selektiounen zu Venedeg, genau wéi de franco-spueneschen Acteur Nahuel Perez Biscayart, dee säin Duerchbroch hat mat senger Interpretatioun an “120 battements par minute”. D’Jeanne Lapoirie huet als Chef opératrice ëmmerhin “8 femmes"(Ozon) an “Benedetta"(Verhoeven) an hirer räichhalteger Filmographie stoen. An zu Lëtzebuerg ass jo och de Filmkomponist André Dziezuk eng Referenz.
Dass esou e qualitativ héichwäertege Jury zustane kënnt, beweist, dass de Festival ëmmer méi Unerkennung dobausse kritt.
Dofir ass déi wuel oniwwerluechten Decisioun déi russesch Filmer (“Gerda” aus der Kompetitioun, an e puer Court-métrage fir Kanner) aus dem Festival ze sträichen, besonnesch kontraproduktiv. Zemol wou elo just nach 7 Spillfilmer a Kompetitioun bleiwen.
Ech si perséinlech fir e maximale Boykott vum russesche Regime an allem, wat dem Regime zur nationalistescher Propaganda hëllefe kann (z.B. och de Leeschtungssport). Awer net fir e Boykott vun onofhängege russeschen Artisten, wa se net pro Putin sinn oder nationalistesch Messagë verbreeden. Et gëtt eben och eng Oppositioun a Russland a besonnesch ënnert de Cineasten an am Konschtmilieu, wéi déi elo zenséiert Realisatrice Natalya Kudryachova. Nodeems wat ech konnt iwwert hire Film “Gerda” liesen, zeechent en e ganz däischtert Bild vun enger kaler a patriarchalesch dominéierter Gesellschaft. De Putin ka sech nëmme freeën, wa mir géint seng Oppositioun virginn, a wa mir him d’Zensur ofhuelen, vun engem Film, deen en negatiivt Bild vu sengem schéine Land weist.

Den Uerder déi russesch Filmer ze zenséieren, koum net vun den Organisateure vum Festival, mee vun der Buergermeeschtesch an der Kulturministesch via e Conseil d’administration vum Festival, deen zu enger larger Majoritéit aus Gemengen a Staatsbeamte besteet, an deen natierlech net onofhängeg ass. Se hätte besser gehat, sech um Communiqué vum Festival vu Cannes vun dësem Mëttwoch ze orientéieren: "..it has been decided that we will not welcome official Russian delegations nor accept the presence of anyone linked to the Russian government.However, we would like to salute the courage of all those in Russia who have taken risks to protest against the assault and invasion of Ukraine. Among them are artists and film professionals who have never ceased to fight against the contemporary regime, who cannot be associated with these unbearable actions, and those who are bombing Ukraine”.
Elo kann een natierlech ganz “sneaky” sinn a soen, dass net d’Realisatrice, mee de Produzent vum Film bestrooft gëtt. Virun e puer Joer ass deen effektiv vu Gazprom Media opkaaft ginn, wat awer anscheinend net zur Decisioun vun de Lëtzebuerger Autoritéite bäigedroen huet, déi dat dee Moment net wossten. A schliisslech kafe mer jo och nach ëmmer vir Milliarde Gas vu Gazprom. Mee d’Kultur an d’Artiste mussen d’Pan klaken. Et ass och kee schéine Geste vis à vis vun den Organisateure vum Festival, déi wuel kaum dës iwwerflësseg politesch Decisioun begréissen dierften, an déi déi Zensur-Decisioun am Konschtmilieu musse justifizéieren.
Kulturministesch Sam Tanson: „Et war eng extrem schwéier Decisioun“
Véier russesch Filmer sinn aus dem Programm vum Luxembourg City Film Festival gestrach ginn. Si wär an déi Decisioun mat agebonne gewiescht, seet d‘Ministesch. „D’ukrainesch Filmakademie huet eng Demande gemaach: all déi russesch Filmer solle vun der offizieller Programmatioun erofgeholl ginn. De Verwaltungsrot vum Filmfest hat eng ganz animéiert Diskussioun. Si wollten awer eng politesch Decisioun, och fir dat mat ze ënnermaueren.“
Et hätten dunn Echangë mat der Buergermeeschtesch vun der Stad Lydie Polfer a mam President vum Verwaltungsrot vum LuxFilmFest ginn. De Choix war op zwee Zenarioe limitéiert: d‘Filmer sträichen, well d‘ukrainesch Populatioun den Ament onmënschlecht Leed erdroe muss an och Artisten an der Ukrain zu der Waff gräife mussen. Oder d‘Konschtfräiheet iwwer alles stellen, an net kucken, vu wou Filmer hierkommen a vu wou d‘Sue kommen, mat deene se finanzéiert sinn. Béides wär ze vertriede gewiescht, esou d‘Kulturministesch Sam Tanson.
„Déi Decisioun war extrem schwéier. Et ass och eng schlecht Decisioun. Egal wéi wär se net gutt gewiescht. Et ass ni gutt, wann een esou Entscheedunge muss huelen.“
D‘russesch Filmer ginn also net gewisen. Der Sam Tanson no sinn och aner Festivallen an déi europäesch Filmakademie der Demande vun der ukrainescher Akademie nokomm.