Zweet StaffelBackstage mat der Marie Jung um Tournage vu "Marginal"

Dan Wiroth
Um opwänneg nogestallte Filmset vu Marginal entsteet zu Lëtzebuerg déi nei Staffel vun der historescher Krimiserie.
D'Marie Jung an der Serie Marginal
D’Marie Jung spillt an der Lëtzebuerger True-Crime-Serie.

Eng Ekipp vun iwwer 30 Leit suergt dofir, datt Dekor, Makeup a Kostüm stëmmeg un déi 1920er Joren erënneren – d’Zäit, an där déi richteg Kriminalfäll gespillt hunn, déi d’Serie inspiréieren. Am Mëttelpunkt steet d’Marie Jung, déi d’Roll vun enger geheimnisvoller Fra iwwerhëlt. Mat hirer intensiver Verwandlung an de Kostümer a mam charakteristesche Schwaarz‑Wäiss-Look vun der Serie léisst si d’Zäit vun deemools erëm opliewen. Fir si ass Marginal och e Revival mat enger Ekipp, mat där si schonn an de fréieren Episoden zesummegeschafft huet. D’Actrice bleift gläichzäiteg och international present: vun der Schwäizer Produktioun Jakobs Ross bis bei déi rezent Koproduktioun The Wolf, the Fox & the Leopard, déi och um LuxFilmFest gewise gouf. Mat all Projet beweegt d’Marie Jung sech tëscht Theater-Erfarung a Film-Ästhetik a gehéiert elo zu de markantste Stëmmen an der Lëtzebuerger Theater- a Filmzeen.

Back to Top
CIM LOGO