
Schonn elo steet fest, datt déi grouss TV-Live-Show vill Highlights, internationale Flair a grouss musikalesch Momenter versprécht – ganz ënnert dem Motto „Your time to shine“.
Beim LSC 2026 trieden dräi Kandidatinnen, véier Kandidaten an eng Band op, déi all d’Chance kréien, sech op der grousser Bün ze beweisen. Fir si ass dësen Optrëtt méi wéi just e Concours: Et ass eng eenzegaarteg Geleeënheet, fir dem Public ze weisen, wat an hinne stécht – an hire Moment ze notzen!
Duerch den Owend féiert nees dat beléift RTL-Moderatiouns-Duo Raoul Roos a Loïc Juchem, dat fir eng professionell a sympathesch Presentatioun steet. Dëst Joer kritt d’RTL-Team nees prominent Verstäerkung: Déi lëtzebuergesch Schauspillerin Hana Sofia Lopes ass als Co-Host dobäi. Si ass ënner anerem zu Lëtzebuerg, a Portugal an an Däitschland aus Filmer a Serië bekannt a bréngt internationale Glamour an d’LSC-Gala.
Well den Eurovision Song Contest 2026 zu Wien stattfënnt, dierfen d’Zuschauer sech scho beim LSC op Wiener an éisträichesch Elementer freeën. Zousätzlech gëtt e ganz besonnesche Jubiläum gefeiert: 70 Joer Eurovision Song Contest, e Gebuertsdag, deen och bei der Lëtzebuerger Show eng Roll wäert spillen.
Natierlech wäerten et och nach aner Iwwerraschunge ginn: An der Live-Show triede Staren aus der ESC-Welt an aner Lëtzebuerger Kënschtler op. Wéi eng Nimm dat sinn, bleift nach geheim – dës ginn eréischt zu engem spéidere Moment verroden.
De Virverkaf fir de Luxembourg Song Contest 2026 leeft op Héichtouren. Wie live dobäi wëll sinn, sollt net ze laang waarden. Ticketen gëtt et hei: www.rockhal.lu
Wien Lëtzebuerg beim ESC am Mee representéiert, gëtt an der Live-Show duerch e Voting vum Public an enger internationaler Jury aus 8 Länner decidéiert. D’Spannung ass also bis zur leschter Minutt garantéiert. Eng Saach ass awer elo scho sécher: De Luxembourg Song Contest 2026 gëtt e grousst TV-Event, bei deem et fir d’Acts heescht: “Your time to shine”.