
1982 koum en Album eraus mat Rockmusek an Texter op Lëtzebuergesch, dat war deemools éischter ongewinnt. D’Robert Stephen Band hat bis dato och éischter englesch gesongen. Mee de Robert - genannt Gollo - Steffen hat ugefaangen d’Lëtzebuergescht och als “Song-Sprooch” z’entdecken. An dat koum deemools un. “Ka komme wat wëllt” oder “Amerika leit just virun Ëlwen” an et koumen der an de Joren nach vill no: “E Bild vun engem Mann” oder “60110".

40 Joer dono spillt d’Original-Band vun deemools – Gollo Steffen (Gesank a Gitarr), Michel Bontemps (Bass), Mil Garofalo (Gitarr) a Roger Hamen am (Batterie) - nach emol nom Motto “Ka komme wat wëllt” zwee Concerten (24. & 25.6.2022) am Kulturhaus zu Miersch.
De Museker Robert Gollo Steffen
D’Christiane Kremer huet de Gollo Steffen am Studio begéint a sech mat him (a mam Roger Hamen) iwwer de Concert ënnerhalen, mee gouf awer och méi gewuer iwwer Science Fiction, de Bob Dylan, iwwer d’Éislek, d’Editiounshaus “Op der Lay” a säi Spëtznumm “Gollo”.
Méi Informatioune iwwer de ConcertPodpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
