Ob Schrëftsteller, Kënschtler, bekannte Perséinlechkeeten aus der Politik oder einfach Friemer op der Strooss: dem Philippe Matsas säin Objektiv ass ëmmer op de Mënsch geriicht. A fir d'Resultat gëtt et dacks vill Luef.
Den Ament gesäit een den ausgewanderte Fotograf méi dacks och zu Lëtzebuerg. Hien ass nämlech responsabel fir d'Portrait-Fotoen am neie Band vum Buch "Faces of Luxembourg" - eng Initiativ vum Wirtschaftsministère. Am Video kritt Dir en Abléck a seng Aarbecht zu Lëtzebuerg an seng kënschtleresch Welt zu Paräis.