"Tatort"-KommissärDe Schauspiller a Museker Ulrich Tukur am CAPE

RTL Lëtzebuerg
Déi meeschte Leit wäerten den Ulrich Tukur als Kommissär Felix Murot aus dem "Tatort" kennen.
"Tatort"-Kommissär mécht Musek
Am CAPE war den Ulrich Tukur a seng Band “Die Rhythmus Boys” zu Gaascht.

Zënter 1995 ass hien och als Museker mat senger Band “Die Rhythmus Boys” ënnerwee.

Si spille Musek aus den 20er bis 40er Joren. Gutt gelaunte Melodien, déi an enger gespaanter a schwéierer Zäit entstane sinn. D’Leit hu sech mat Musek géint hiert Schicksal gewiert, mengt den Ulrich Tukur. Hien a seng Band versetzen eis och vum Look hier an déi Zäit vun där se d’Musek spillen.

Dobäi versteet een am Sall awer séier, dass si zwar d’Musek eescht huelen, déi se spillen, sech selwer awer net. Ironesch, selbstironesch, sou kommen dem Tukur seng Commentairen tëschent de Lidder eriwwer.

Back to Top
CIM LOGO