Dat huet sech och de Serge Tonnar geduecht, deen e Freideg den Owend deen éischte vu 4 Concerten do ginn huet.
De Serge Tonnar schwätzt riicht eraus, an hie séngt riicht eraus. Hien riicht e Bléck op d’Gesellschaft, hie leet och d’Fangeren op Wonnen, an hie vergësst net deen néidegen Humor. Jidderee ka sech do erëmfannen oder och net. Zu Randschelt bestoung de Public fir deen éischte Concert haaptsächlech aus Frënn an Unhänger vum Serge Tonnar.