

D’Leederin vu sengem Büro huet den Doud confirméiert. De 96 Joer ale Gehry wier un enger kuerzer Erkrankung vun den Otemweeër gestuerwen. D’New York Times huet hien als “eent vun de beandrockendsten an originellsten Talenter an der Geschicht vun der amerikanescher Architektur” bezeechent.

Säin ausseruerdentlech expressiv ugeluechte Guggenheim-Musée am spuenesche Bilbao, deen 1997 opgaange war, hat esou eng Ausstrahlung op d’Stad an doriwwer eraus, dass sech Bilbao vun enger aler Industrie- zu enger moderner Kultur-Stad entwéckele konnt. Aus där Entwécklung eraus ass de Fachbegrëff vum sougenannte “Bilbao-Effet” entstanen.

De Gehry war Jong vu jiddesch-polneschen Awanderer an 1929 am kanadeschen Toronto op d’Welt komm. Schonn als Bouf hat hien aus Offäll seng éischt Haiser a Stied zesummegebaut. Seng Etüden zu Los Angeles fir Architekt ze ginn, hat e sech als Camionschauffer verdéngt. Do sollt hien 1962 och säin éischten Architektebüro opmaachen. Ugangs war säi Stil éischter konventionell. Enn de 1970er Joren hat sech dunn d’Formesprooch verännert, andeems de Gehry “bëlleg” Materialie wéi Sperrholz, Blech a Kartrong benotze wollt. Gebrache Geometrie war duerno seng Spezialitéit.

Zum Frank Gehry senge bekanntste Kreatioune gehéieren, nieft dem Guggenheim Musée zu Bilbao, den Neuer Zollhof zu Düsseldorf, d’Walt Disney Concert Hall zu Los Angeles, d’Art Gallery of Ontario zu Toronto, d’Danzent Haus zu Prag, de Stata Center zu Cambridge an de Lou Ruvo Center for Brain Health zu Las Vegas.
