
Et schéngt dem Helge zu Lëtzebuerg, speziell am Atelier, ze gefalen. Net nëmmen huet e säi leschte Concert am Dezember 2021, also relativ kuerz nodeems d’Restriktioune vu Corona passé waren, ophuele gelooss an op Live-CD 2022 erausbruecht, ma hien huet och, no enger méi laanger Tour, en Datum zu Lëtzebuerg nach als leschte Rendezvous spontan drugehaangen. Op alle Fall sou spontan, dass de Concert an der Hollerecher Strooss et net méi op den T-Shirt hannen drop gepackt huet. Do waren déi gutt Stécker schonn aus der Druckerei, sou op alle Fall de Verkeefer beim Merch-Stand, kuerz iert et lass goung. Ma wéi et awer heescht, gefält et dem Herr Schneider sou gutt am Atelier, dass hien dann trotzdeem nach op Lëtzebuerg komm ass, iert en dann déi lescht Concerten a senger Heemescht zu Mülheim spillt an dann, sou ass unzehuelen, seng wuelverdéngte Chrëschtvakanz genéisst.
Um Punkt 8 Auer sinn d’Luuchten dunn ausgaangen an den Helge Schneider koum zesumme mam Batteur Willy Ketzer, dem Gittarist Sandro Giampietro an dem Reinhard Glöder um Kontrabass a Begleedung vun euphoreschem Applaus an heller Begeeschterung säitens dem struppevollen Atelier op d’Bün. D’Band huet och direkt lassgeluecht, dat op déi gewinnte speziell Manéier, fir déi den Helge Schneider zënter Joerzéngte bekannt ass a gefeiert gëtt an trotzdeem, oder warscheinlech grad dofir och haut nach ëmmer al a jonk Fans virun d’Bün zitt.
Ob et elo Klassiker wéi “100.000 Rosen” oder “Telefonmann” sinn, Lidder vu méi rezenten Albumen, instrumental Jazz-Stécker, improviséiert Erzielungen oder einfach Quatsch maachen ass - den Owend huet wuel fir jiddwereen eppes gebueden, déi gutt Stëmmung am Sall an den ëmmer nees begeeschtert Tësche-Bäifäll vum Publik huet dëst op alle Fall verlaude gelooss. An Erënnerung wäert wuel sécher déi dann dach extrem laang, ongewinnten a komplett ëmgeännert Form vu “Katzeklo”, dat Lidd, dat den Däitsche Museker engem grousse Publik bekannt gemaach huet.
An obwuel d’Band den Dag virdrun nach zu Basel an der Schwäiz gespillt huet, an domadder eng länger Streck misst zeréckleeën fir op Lëtzebuerg ze kommen, gouf déi aprogramméiert Tësche-Paus no 45 Minutten kuerzerhand ignoréiert an et gouf iwwer méi wéi annerhallef Stonn duerchgespillt. Net wierklech eng Spuer vu Middegkeet, wat mat 68 dann dach remarkabel ass.
D’Mëschung aus ronderëm Blödelen, dadaistesche Geschichten erzielen a grandioser Live-Musek, déi praktesch ëmmer improviséiert schéngt an dofir authentesch eriwwer kënnt, ass dat bekannten a bewäerte Konzept vum Helge Schneider, e Konzept dat haut nach ëmmer perfekt opgeet a wéineg bis näischt vu sengem initiale Glanz verluer. Dat huet een och nees exemplaresch e Mëttwoch den Owend an der Hollerecher Strooss gemierkt a gespuert, wou den Helge a seng Band eng exzellent Performance geliwwert hunn a wéi ëmmer praktesch keen An vum Laachen dréche bliwwen ass.
Fazit: En Helge Schneider-Konzert ass wuel sou änlech, wéi sech en Tattoo stiechen ze loossen. Et ass net fir jiddereen. Et kann een net erklären, wéi et genee ass. Ma wann een et bis eemol gemaach an erlieft huet, kréien déi mannsten et hin, et bei engem ze beloossen. Mat deene Wieder kann een dann elo schonn hoffen, dass de “beschten Entertainer vun der Welt” de Wee rëm séier op Lëtzebuerg fënnt. Mat e wéineg Gléck ass de Grand-Duché jo dann déi Kéier, wéi et sech gehéiert, och um Tour-T-Shirt dobäi.