
Fir d’zweete Kéier huet Kultur | lx dës Bourse verginn a bitt dräi Designer eng finanzéiert Méiglechkeet, wärend engem Joer un eegenen Iddien ze schaffen an en éischte Prototyp z’entwéckelen. Ausgewielt goufen d’Gewënner vun enger Expertejury, bestoend aus dem Susanna Campogrande, dem Maribel Casas, dem Julie Conrad, dem Jean-Marc Dimanche, dem Charlotte Masse an dem Grégoire Ruault.
Am Ganze waren 11 Candidature fir d’Bourse eragereecht ginn, aus deenen d’Gewënner ausgewielt goufen.