Dofir gouf rezent d’Hiewanskonscht aus 8 Länner, dorënner och Lëtzebuerg, als immateriellt Kulturierwe vun der Mënschheet unerkannt. Doduerch gëtt d’Hiewanskonscht net just a Lëtzebuerg, mee och op internationalem Niveau opgewäert. Dobäi gëtt awer net spezifesch eng Lëtzebuerger Particularitéit unerkannt, mee éischter een iwwert Joerhonnerten iwwerliwwert Handwierk, a Gesten, déi souwuel am Grand-Duché, wéi och an anere Länner op der Welt praktizéiert ginn.
D’Sheila Schmit ass eng vun de ronn 230 Hiewanen zu Lëtzebuerg. De Gros vun hinne schafft a Spideeler. Nodeems si 15 Joer laang an enger Maternité geschafft huet, ass d’Sheila haut eng fräiberufflech Hiewan.“Mir hu ganz vill Fraen, och verschidde Kulturen hei am Land, déi sech wierklech eleng spieren”, esou d’Sheila Schmit, “an do begleede mir d’Koppel am Fong ganz laang”. Fir si an hir Kolleeginne wier et eng immens grouss Freed gewiescht, fir endlech eng Unerkennung ze kréien. An awer wënscht si sech, dass et net just dobäi bleift. An hiren Ae misst sech dëse Beruff zu Lëtzebuerg nach weider entwéckelen:
“D’Fra huet de Choix tëscht enger Spidolsgebuert an enger Hausgebuert. Mir hu mëttlerweil e puer Hiewanen, déi Hausgebuerte maachen, awer dertëschent gëtt et näischt. Wéi eben am Ausland, wou et awer e Gebuertshaus gëtt, wou et Salles d’accouchement ginn, déi vun den Hiewane geleet ginn. An Däitschland gëtt et dat Wuert vun der ‘Beleghebamme’, dat heescht eben déi Hiewan, déi d’Fra an der Schwangerschaft begleet a mat an d’Spidol geet. An do wieren Diskussiounen awer hei a Lëtzebuerg nach ze féieren, dass d’Fra de Choix kritt, wéi si hir Gebuert wëll erliewen.”
D’Caroline Steffen-Robert, déi an hirer Schwangerschaft vum Sheila Schmit begleet gëtt, ass dankbar fir hir Aarbecht: “Mir wäre soss zimmlech – ech wëll net soen ‘eleng’, well mir hu schonn eng Famill, déi do ass – awer et ass e ganz neit Liewen, wat ugeet. An och Ängschte kommen, ob een alles richteg mécht, an dat kann ee warscheinlech ni. Awer et ass einfach schéin, een ze hunn, wou ee weess ‘ok ech ka mech dorop verloossen’.”
Hiewane betreien d’Fraen och nom Accouchement. Sou wéi d’Patrice Jacoby, déi e Rendez-vous huet mam neigebuerene Lou a senger Mamm Kelly huet. Et ass dem Kelly Lucius hiert éischt Kand. Zanter der Gebuert virun 21 Deeg, war d’Hiewan Patrice Jacoby scho fënnef Mol bei der jonker Mamm. “Et baut een e Vertrauen op, sou e bëssen e familiäert Verhältnis”, erkläert d’Kelly, “et brauch ee schonn een, bei deem ee sech traut, Froen ze stellen, déi ee vläicht soss sou net géing stellen.”
Egal ob zu Lëtzebuerg oder iergendwou anescht op der Welt, Hiewane schafen ee séchere Kader, an deem Mammen accouchéieren an Elteren no der Gebuert op eegene Féiss stoe kënnen, andeems se autonom mat hire Bëbeeën ëmginn.
Patrice Jacoby: “Eng Hiewan an Afrika huet net déi selwecht Moyene fir ze schaffe wéi mir hei a Lëtzebuerg. An awer ass se do, fir d’Fra op hirem beschte Wee mat all hire Méiglechkeeten ze begleeden. Ob dat lo mat méi oder mat manner ass, mee den Job bleift am Fong duerch d’ganz Welt ëmmer dat selwecht: mat eisen Hänn einfach dat Kand an d’Liewen ze bréngen.”
D’Hiewanskonscht, een ale Beruff, deen als immateriellt Kulturierwen unerkannt ass. Eng Manéier, d’Hiewanen aus Lëtzebuerg an der ganzer Welt ze feieren, déi am Déngscht vum Liewen a vun den zukünftege Generatioune schaffen.