Et ass eng Performance, déi d'Fra an hire Wiesseljore feiert an aus engem gesellschaftlechen Taboo Normalitéit mécht. Hëtz, Schlofproblemer, en anere Stoffwiessel. Dat a nach villes méi erlieft all Fra wärend der Perimenopaus, enger Phase vun der kierperlecher Transitioun an d'Menopaus, an där sech den Zyklus verännert an déi weiblech Hormoner am Kierper ofhuelen.
D'Schauspillerin an Enseignante Tammy Reichling huet fir hir Performance virun engem Joer Textfragmenter geschriwwen, déi een deels iwwert Lautsprecher ze héiere kritt an deels vun hir selwer op der Platz geschwat ginn. Donieft gëtt gedanzt, gesongen, Musek gemaach a mam Public interagéiert. Dee kompletten Dipso gëtt zu hirer Bün an et bleift keen Eck vun hirer Performance verschount.
Et ass eng echt an zugläich extrem humorvoll Reflexioun vun enger Liewensphas, déi fir vill Fraen net einfach ass an dacks vun der Gesellschaft mëssverstane gëtt. An der Performance kritt een, och wann ee sech selwer net an de Wiesseljore befënnt, op eng amusant Aart ze verstoen, wat et bedeit, eng Fra ze sinn.
De But vun dem Ganzen ass et net Fraen Angscht ze maachen, mee hinnen d'Angscht virun dësem kierperleche Wiessel ze huelen an hinnen d'Gefill ze ginn zu enger Communautéit ze gehéieren, déi fireneen do ass. D'Tammy Reichling bitt mat hirer Performance e Raum fir Fraen, an deem ee sech zesumme fille kann a gesäit, dass d'Perimenopaus net nëmmen negativ Säiten huet. Et soll en Austausch tëschent Fraen entstoen, dee mam Taboo vun der onsiichtbarer Fra Mëtt 40 brécht.
Deen extravagante Kostüm, deen d'Schauspillerin bei der Performance dréit, soll d'Iddi vun der Ageschränktheet rëmspigelen an dëse wäert sech och am Laf vun der Virstellung veränneren.
D'Hot Flashes Sessions kann een nach dëse Weekend an den Dipso kucke goen. E Sonnde gëtt et eng besonnesch Performance a Form vun engem Brunch mat Vertriederinne vu Lëtz Menopause. De Brunch ass um 13 Auer, d'Performance fänkt um 15 Auer un. E Samschden ass d'Virstellung ouni Brunch, owes um 19h30.
Weider Informatiounen an Tickete fannt Dir um Internetsite vu MASKéNADA.
