Shivers3. Editioun vu "Kuerz a Knackeg"

Sophie Becker
An de Regionalkinoë ginn nees Kuerzfilmer gewisen - dës Kéier an der Grujel-Versioun.

Ab dem 21. Oktober kann ee rëm Lëtzebuerger Kuerzfilmer an de Regionalkinoe uechter d'Land gesinn. Ma dës Kéier suerge se dofir, datt et engem kal de Réck erof leeft. D'Filmer, déi noenee gewise ginn, huelen iech mat an eng Welt vum Ongewéinlechen a Mysteriéisen.

Mat hirer 3. Editioun vum Kuerzfilmprojet "Kuerz a Knackeg - Shortfilms made in Luxembourg" presentéiere Cinextdoor a LARS eng Selektioun vu sechs Lëtzebuerger Filmproduktiounen, déi perfekt an de grujelegste Mount vum Joer passen.

Wie sech d'Kuerzfilmer net wëll entgoe loossen an nach déi eng oder aner Fro un d'Regisseuren huet, kann dat follgend Datumer maachen:

Mëttwoch, den 21. Oktober am Ciné Scala zu Dikrech um 19 Auer
Donneschden, den 22. Oktober am Ciné Starlight zu Diddeleng um 19:30 Auer
Freiden, den 23. Oktober am Kulturhuef zu Gréiwemaacher um 19 Auer
Méinden, de 26. Oktober am Le Paris zu Beetebuerg um 20 Auer
Dënschden, de 27. Oktober am Kinoler zu Koler um 20 Auer

Back to Top
CIM LOGO