Parquet confirméiertFra e Mëttwoch de Moien dout an engem Gaart zu Esch fonnt

Sarah Cames
Zu Esch ass e Mëttwoch de Moien eng Fra dout fonnt ginn. Dat confirméiert de Parquet op RTL-Nofro. De Virfall war an der Rue Large zu Esch, net wäit vun der Escher Schwämm.
D'Spueresécherung war e Mëttwoch de Moie géint 11 Auer nach op der Plaz.
© Laurent Weber

D'Affer gouf an engem Gaart fonnt. Et géif et sech ëm eng Fra vun 72 Joer handelen, deelt eis de Parquet mat. Zu de geneeën Ëmstänn vun hirem Doud kann een nach net vill soen. De Parquet huet d'Police technique mat den Ermëttlunge beoptraagt an och eng Autopsie gouf ordonéiert.

Back to Top
CIM LOGO