Luxembourg House of CybersecurityProbleem vun der PHP-Sécherheetslacune wier "relativ grouss"

Sascha Georges
Et sinn zwou Sécherheetslacunnen, déi bekannt goufen, ier den Update, e sougenannte Patch, do war, dee se schléisst. Esou erkläert de Pascal Steichen, Direkter vum Luxembourg House of Cybersecurity, wat e Mëttwoch geschitt ass.
© AFP

D'Entwéckler vun der wäit verbreeter Programméiersprooch PHP haten e Mëttwoch jo virun zwou kritesche Sécherheetslücke gewarnt, déi et Hacker erméigleche kënnen, ouni Login oder Passwuert e schiedleche Code op engem Webserver auszeféieren.

Cybersecurity-Expert Pascal Steichen iwwer d'PHP-Sécherheetslacune

De Probleem wier relativ grouss. PHP wier nämlech eng vun de meescht genotzte Programméiersproochen, fir Internetsäiten ze maachen. Et gëtt geschat, datt bis zu 70% dës notzen. Zu Lëtzebuerg sinn et wäit iwwer 5.000 Sitten. Preventiv goufen dowéinst eng ganz Partie Internetsäiten offline geholl, bis de Sécherheetsupdate gemaach ass.

Dat wier och dat eenzegt, wat den Utilisateur géif matkréien. Am schlëmmste Fall hätten awer ganz Sitte kënne vu Kriminellen iwwerholl ginn Den Update dauert nëmmen e puer Minutten, jee no Site. Well et awer Honnertdausende concernéiert Sitte sinn, kéint et awer daueren, bis d'Gefor ganz aus der Welt geschaaft ass, sou nach den Expert Pascal Steichen.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO