Dräi Verdächteger festgehollZu Mumbai ass op de Bollywood-Acteur Tiger Shroff geschoss ginn

AFP, iwwersat vun RTL
D'Police huet bis elo nach kee Motiv fir d'Attack fonnt.
Hie war 2018 an 2019 op der "Celebrity 100"-Lëscht vu Forbes India vertrueden.
© SUJIT JAISWAL/AFP

Den indesche Schauspiller Tiger Shroff ass e Sonndeg zu Mumbai ënner Beschoss geroden, hunn déi lokal Autoritéite matgedeelt. Dräi Verdächteger goufe festgeholl.

D'Täter hunn e Sonndeg den Owend op de 36 Joer ale Schauspiller geschoss, wéi hien eng privat Veranstaltung am exklusive Quartier Juhu zu Mumbai verlooss huet. Dräi Verdächteger goufen an der Suite am indesche Bundesstaat Rajasthan festgeholl.

Den Tiger Shroff ass a Sécherheet an d'Police vu Mumbai huet verschidden Ermëttlungsekippen agesat, fir de Virfall weider z'ënnersichen. Bei der Schéisserei goufen zwou Persoune blesséiert, dorënner de Chauffer vum Schauspiller. Den Tiger Shroff selwer gouf net vu Kugele getraff.

"Bei den éischte Befroungen huet sech erausgestallt, datt géint zwee vun hinne scho jee ee Fall virläit: ee wéinst Déifstall an deen aneren am Zesummenhang mam Waffegesetz", esou d'Police.

Mumbai ass net nëmmen d'Finanzhaaptstad vun Indien, mee och den Zentrum vu Bollywood, der indescher Filmindustrie op Hindi.

Den Tiger Shroff ass virun allem fir seng Actionfilmer bekannt, dorënner "Baaghi" a "War".

Back to Top
CIM LOGO