
Hir Missioun wier et d'Freed un der Kreatioun ze zelebréieren, esou wéi Musek ze maachen a mat anere Leit ze deelen.
Den Institut européen de chant et de choral (INECC) gouf 1992 op Initiativ vum Chouerchef Pierre Cao gegrënnt. Elo gëtt mam neien Numm "Sanghaus" e neit Kapitel ageleet.
Mat dësem Changement vum Numm plënnert d'Sanghaus och an en neit Gebai zu Bouneweg, wou dann elo och dee neie Logo, deen déi nei Identitéit illustréiere soll, ze gesinn ass. Och en neien Internetsite, deen an der nächster Zäit online geet, soll dat Ganzt ënnersträichen.
Méi Informatiounen iwwert d'Ännerunge fannt Dir am Pressedossier, oder hei.