Luxembourg Song Contest 2027Dës Kandidaten hunn et an déi nächst Ronn gepackt

Loïc Juchem
De Weekend war déi éischt Etapp am Kader vum Luxembourg Song Contest 2027. De Prozess ass dëst Joer e bëssen anescht wéi déi Jore virdrun. An der éischter Ronn stoungen d’Kandidate selwer am Mëttelpunkt.
Dës sinn déi 12 Kandidaten, déi et an déi nächst Ronn gepackt hunn.
Dës sinn déi 12 Kandidaten, déi et an déi nächst Ronn gepackt hunn.
© Steve Müller

D’Artisten hu sech net mat engem eegene Lidd missen umellen, mee konnten och e Song coveren, d'Jury huet sech sou vill méi op den Artist selwer konnte konzentréieren. 80 Artisten hu sech de Weekend virun enger Jury präsentéiert, dës huet no Gesang, artistescher Identitéit an Ausstralung op der Bün aus 80 Kandidaten der 12 zeréckbehalen.

Nodeems si de Weekend virun der Jury performed hunn, kruten d'Kandidaten e Samschdenowend en Uruff a goufen invitéiert, um Sonnden nach emol an der RTL City ze passéieren. Hei si se du gewuer ginn, datt se an der nächster Ronn sinn an et ass dunn direkt mat engem Workshop lassgaangen.

Déi 12 Kandidaten, déi an der nächster Ronn sinn, heeschen: Maya Maunet, Perrine Thomas, Carmen Luisa, KIM, Gaïa, Patricia Venâncio, Debbie M, Jaya, Marco Misolic, Clement Lerat, Layso Roy an Hugo One.

Am November steet de "Pairing Workshop" um Programm!

Am November ass dann e sougenannte "Pairing Workshop". Hei hu si d'Méiglechkeet an engem kreative Prozess mat de Lidder zesummebruecht ze ginn. Parallel kënnen nämlech nach ëmmer Lidder erageschéckt ginn, dat geet bis den 29. Oktober. Sänger a Lidder sollen also sou an den nächste Wochen zesummefannen.

"Mir hunn elo schonn an den Auditioune gemierkt, datt well mer dee Prozess anescht opgebaut hunn, mer doduerch och ganz nei Gesiichter entdeckt hunn. Dat ware Leit, déi mer nach guer net kannt hunn an déi komm sinn, well se konnte mat engem Cover kommen. Lo geet et drëms, fir de Leit och Lidder ze fannen, déi an d’Eurovisioun-Welt passen!" - sou d'Elisabeth Conter, Project Managerin vum ESC Lëtzebuerg.

Déi eenzel Phase gi vun Eurovision-Professioneller an Experte begleet a Mëtt November ginn dann d'Kandidate vum LSC 2027 annoncéiert.

Fotogalerien

Back to Top
CIM LOGO