Serie Chantieren a Kulturhaiser (3/4)D'Rotondes ginn ëm 2.000 Meterkaree vergréissert

Claudia Kollwelter
An eiser Serie iwwert d'Chantieren an de Kulturhaiser uechtert d'Land maache mer haut e Stopp zu Bouneweg wou grouss Changementer geplangt sinn.
© Projet

2.000 Meterkaree komme bäi, wann de Chantier vun de Rotonden, deen an dräi Etappen ofleeft, bis ofgeschloss ass. D’Rotonde 1 gouf jo schonn 2015 komplett renovéiert, ma am Kader vun de groussen Aarbechte gëtt aktuell profitéiert, fir och do Optimisatiounen ze maachen. D’Fënstere gi verduebelt an de Stockage an d’Logë vergréissert. Saachen, déi de Public net wierklech matkritt.

Serie Chantieren a Kulturhaiser - Deel 3 D’Rotondes

Dräi zousätzlech Stäck fir Rotonde 2

An der Rotonde 2 sinn aktuell jo just d’Buvette an de Klub, déi wäerten och bleiwen. Mee wann de Projet bis ofgeschloss ass, wäerten et am ganze véier Stäck ginn. Um Rez-de-chaussée kënnt e groussen zentralen Espace bäi, deen op verschidde Manéiere ka genotzt ginn a virun allem eng extrem grouss Capacitéit u Leit soll kënnen empfänken. D’Hallschent vun der Surface gëtt deemno fräi gehale fir méi grouss Aktivitéiten. Et ass also villméi matten an der Rotonde 2 wou Genre “Këschten” gebaut ginn an deenen een dann op den ënnerschiddleche Stäck ënnert anerem d’Büroen an d’Studioe vum Radio Ara wäert fannen, Prouf- a Kreatiounsräim oder Konferenzsäll. Um leschte Stack fënnt een dann de Rooftop vun deem een erof op déi ënnerschiddlech Stäck gesäit mee och duerch d’Fënsteren eng 360 Grad Vue op de Quartier huet.

Accueil a Restauratioun

Déi drëtt Etapp concernéiert den zentrale Pavillon tëscht den zwou Rotonden, wou eng komplett nei Struktur déi aktuell Containere wäert ersetzen. E Restaurant mat enger Panoramaterrass wäerten an Zukunft an dat Gebai kommen. D’BlackBox, déi aktuell schonn do ass, bleift. Dobäi kënnt en zentralen Accueil, wou d’Leit all néideg Informatiounen iwwert d’Rotondë kréien, mee wou och mol Schoulklasse kënne waarden, fir an d’Virstellungen an der BlackBox ze goen. Och de Parvis kritt en neit Gesiicht a gëtt nei amenagéiert a beplanzt. De Projet soll 2028 ofgeschloss sinn. Well et verschidden Etappe ginn, wäert d’Programmatioun weider gefouert a just deels ugepasst ginn an de Site iwwert déi ganz Dauer och weider sou gutt wéi méiglech accessibel bleiwen.


Back to Top
CIM LOGO