
Mir hunn e Freideg nach den 3. Lëtzebuerger Film hei zu Berlin gesinn, den Animatiounsfilm “A Greyhound of a Girl” vum italieenesche Realisateur Enzo d’Alo, deen an der Kannerfilm Sektioun “Generation” gewisen gouf. De Paul Thiltges hat scho viru gutt 25 Joer dem Enzo d’Alo säi flotte “Freccia Azurra” produzéiert.
Hei geet et elo ëm dat 11 Joer aalt Mary, dat Studie fir Kächin wëllt maachen, wouran et vu senger Groussmamm ënnerstëtzt gëtt, déi allerdéngs schwéierkrank ass. Donieft plënnert och nach seng bescht Frëndin fort. Fir mat dësem duebele Leed eens ze ginn, erfënnt sech d’Mary eng nei imaginär Frëndin: et ass déi fréi gestuerwen Ur-Groussmamm, déi als Geescht aus der Vergaangenheet zeréck kënnt an elo dem Mary hëlleft, d’Groussmamm an den Doud ze begleeden.
“A Greyhound of a Girl” traitéiert de Sujet vum Verloscht an dem Doud op eng ganz liicht a kandgerecht Manéier. Villäicht ze liicht an ze wéineg dramatesch mat enger Animatioun, déi wéineg kreativ ass. Et vermësst een och richteg Emotiounen an eng Atmosphär, déi iwwert d’Illustratioun vun der Thematik erausgeet. Zu engem änlechen Thema an och an engem iresche Kontext war de Film “Song of the sea” dach bedeitend méi staark an huet d’Kanner och méi emotional mat Verloscht an Doud confrontéiert. Den Enzo d’Alo wollt sichtlech do e méi liichte Wee goen.

Vun den 3 Lëtzebuerger Filmer, déi hei op der Berlinale gewise goufen, war fir ons kloer deen aneren Animatiounsfilm an der Sektioun “Panorama”, “La Sirène”, dee beschte vun den dräi, well och den “Ingeborg Bachmann"-Film trotz dem Vicky Krieps eng Enttäuschung war.
Wa mer elo versichen, e Bilan ze maachen iwwert déi offiziell Selektioun, esou musse mer feststellen, dass de Programm extrem diversifiéiert war an allen Hisiichten. Dozou hunn och e puer Filmer gezielt, déi genervt hunn. Et waren der awer net vill.
Aus dem Angela Schanelec hire wuel interessant komposéierte laange fixe Pläng a “Music”, hu mer ni eraus fonnt, wat dat sollt mam ugekënnegte Mythos vum Ödipus ze dinn hunn.
Am portugisesche Film “Mal Viver” kränken, demütegen a quäle sech wärend iwwer zwou Stonnen dräi Generatioune vu Fraen. Dobäi gesäit ee quasi systematesch déi Personnagen, déi net am Bild schwätzen, wat wuel d’Onméiglechkeet vun enger normaler Kommunikatioun ënnersträicht, awer dofir och enorm nervt.

Méi interessant, wann och net einfach ze verdauen, war den australesche Film “The Survival of Kindness” an de franséischen “Discoboy”, déi ofgedroschen Theme wéi Rassismus, Gewalt an Ëmweltzerstéierung op éischter ongewinnt an originell Manéier traitéiert hunn.
Den australesche Film weist wéi eng aborigène Fra aus hirem Käfeg, an deem se matten an der Wüüst ausgesat gouf, ausbrécht a sech no an no wärend hirer Rees duerch eng post apokalyptesch Welt, an där all verbal Kommunikatioun verschwonnen ass, esou un d’Kleedung vun de Wäissen upasst, dass se den Hetzjuegten op déi Schwaarz entkënnt, fir an engem ëmweltzerstéierenden Industrie-Komplex ze landen, an dann erëm zeréck an de Käfeg an der Wüüst ze goen. A staarke Biller an op eng abstrakt a konzeptuell Manéier gëtt hei mat Referenzen op d’Schicksal vun den australeschen Arborigènen an och den amerikanesche Sklave wuel d’Enn vun der Mënschlechkeet thematiséiert.
Am “Disco Boy” vum Giacomo Abruzzese enrôléiert e bielorusseschen, illegalen Awanderer sech an déi franséisch Friemelegioun, fir u Pobeieren ze kommen. An engem Asaz am Dschungel, deen un dat halluzinatorescht vun engem “Apocalypse now” erënnert, bréngt een de Jomo, Leader vun enger Guerilla, déi géint eng Pëtrolsfirma kämpft, déi d’ganz Géigend total verseucht huet, ëm. Op d’Lidd vum Edith Piaf, “Je ne regrette rien”, dat d’Legionären am Marsch sangen, rebelléiert e schliisslech géint de Militärapparat. Zu Paräis an enger Disco danzt en dann an Transe mat der Schwëster vum Jomo, mat deem e sech total identifizéiert ze hu schéngt. An dësem Melange vu filmesche Genren, quasi ouni Dialogen an engem intensive Soundtrack, ass op d’mannst déi kritesch Demarche vum Realisateur kloer, och wann an dësem mysteschen Trip, sech soss net alles rational erkläre léisst.

Ech si wéineg vertraut mat de japaneschen Anime-Filmer, a kann nëmme soen, dass “Suzume” vum Makoto Shinkai mech staark impressionéiert huet. Dat jonkt Suzume suivéiert de Souta, dee sech an e Stull verwandelt huet an eng Kaz, déi schwätze kann, duerch ganz Japan fir Äerdbiewen ze verhënneren. Déi dräi mussen “Dieren” zoumaachen, aus deene gewalteg rout wuerm-aarteg Wolleken ausbriechen, als Pressage op en neit Äerdbiewen. Esou bild-gewalteg a spektakulär wéi dësen Deel vum Film ass, esou touchant a sensibel sinn, parallel derzou, déi Zeenen an deenen d’Suzume d’Leed an d’Trauer iwwert den Doud vu senger Mamm muss verschaffen, déi et mat 4 Joer an der Fukushima Katastroph 2011 verluer huet. “Suzume” ass e visuell raffinéierten a maträissende Fantasy Film, dee schonn a Japan e groussen Erfolleg ass.

An d’Suite vun den dräi fir eis beschte Filmer an der Kompetitioun, déi mer am viregte Blog beschwat hunn, “Totem”, “20.000 Species of Bees” an “Past Lives”, reit sech perfekt och dem Christian Petzold säin “Roter Himmel” an. Anescht wéi säin e bësse mat mythologesche Spillercher iwwerluedenen “Undine”, ass säin neie Film vill méi klassesch a liicht. De Leon, en 30 Joer ale Schrëftsteller, zitt mat sengem Kolleeg Felix op déi däitsch Nordküst an e Vakanzenhaus, fir do a Rou u sengem neie Roman ze schaffen. D’Nadja, déi op der Plage Glace verkeeft, huet sech awer schonn am Haus ausgebreet an empfänkt nuets de lokale Schwammmeeschter Devid, deen de ganz egozentresche Leon ufanks zimmlech iwwerhieflech behandelt. Spéider stéisst och nach säin Editeur zum klenge Grupp, wärend e risege Bëschbrand ronderëm ëmmer méi ausser Kontroll geréit. Ganz nuancéiert an och mat vill Humor opposéiert de Film den Devid, de Felix an Nadja, déi d’Liewe genéissen, mam aarbechtsgestressten a ganz onsécheren an distanten Leon, dee sech och séier an dat luminéist Nadja verléift, ouni dass en et fäerdeg bréngt iwwert säin eegene Schiet ze sprangen. Iwwert déi ganz gelongen Deskriptioun deit d’Enn vun enger Generatioun un, déi just mat sech selwer an dem eegene Pleséier beschäftegt ass, an déi sech souwuel kreativ, wéi och gesellschaftlech an duerch de Klimawandel a Fro muss stellen. E Gëllene Bier fir dëse Film wier duerchaus berechtegt.