D'Zäitzeie Marion Deichmann am Portrait"Ech wëll, dass d'Welt weess, wat d'Nazie gemaach hunn"

RTL Lëtzebuerg
Et ass eng virtuell Manéier, fir eng ganz real Geschicht ze erliewen. Am Kader vum Lux Film Festival gëtt och dëst Joer nees ee VR Pavillon vum Filmfong organiséiert.
D'Zäitzeie Marion Deichmann am Portrait
“Ech wëll, dass d’Welt weess, wat d’Nazie gemaach hunn”

Hei kann ee Filmer mat engem Virtual-Reality-Brëll kucken. Ee vun de Filmer ass d’Geschicht, déi sech ronderëm d’Marion Deichmann an hir Mamm dréit, déi Affer vum Holocaust gouf. Mat 91 Joer ass d’Marion Deichmann déi lescht Deeg nach eng Kéier op Lëtzebuerg komm an huet ënner anerem Réimech besicht. Tëscht Wéngerten an der Musel huet si puer Joer vun hirer Kandheet verbruecht. Eng Visitt an hir Kandheet organiséiert vun der Memo Shoa Lëtzebuerg an dem Filmfong.

Der Marion Deichmann hir Geschicht

D’Marion Deichmann ass 1932 zu Karlsruhe an Däitschland gebuer. Wéi den Hitler a seng Partei u Muecht gewonnen hunn an den Haass géint Judde sech ëmmer méi zougespëtzt huet, si si op Réimech komm. Hei hate si Famill an hu sech tëscht de Wéngerten an der Musel fir e puer Joer an der Marion Deichmann hirer Kandheet niddergelooss. Hir Elteren trenne sech an 1940 verléisst d’Marion Deichmann mat hirer Mamm Alice Lëtzebuerg a si brénge sech vermeintlech zu Paräis a Sécherheet. Hir Mamm gëtt 2 Joer drop festgeholl a kënnt op Drancy, vun do aus si nach Bréiwer schéckt an hofft, geschwënn erëmzekommen. Si kënnt ni méi rëm a gëtt kuerz drop an d’Konzentratiounslager Auschwitz bruecht, an deem si och ëmbruecht gëtt. Mat just 11 Joer huet d’Marion Deichmann hir Mam verluer a war op sech gestallt an enger Welt am Krich. Eng Famill hëlt si op a si verbréngt de Rescht vum Krich an der Normandie. Mëttlerweil lieft si an den USA. Iwwert hiert Liewen huet si ee Buch geschriwwen. Et ass hir wichteg, dass den Numm vun hirer Mamm an dat, wat d’Nazien de Leit ugedoen hunn, nimools vergiess gëtt: “Ech wëll, dass d’Welt weess, wat d’Nazie gemaach hunn.

Eng reell Geschicht op enger virtueller Leinwand

Et war den Illinois Holocaust Museum, deen de Projet lancéiert huet an dem Darren Emerson senger Produktiounsfirma den Optrag ginn huet, fir dräi Filmer zum Holocaust ze maachen. “Letters from Drancy” huet den Darren Emerson schliisslech realiséiert. Et war dem Marion hir Geschicht an hir Aart a Weis, iwwert hir Mam ze schwätzen, déi hie begeeschtert huet: “Wa si vun hirer Mam geschwat huet, huet et sech ugefillt, wéi wa si bei eis am Raum gewiescht wär. Ech mengen dat war de Moment, wou ech decidéiert hunn, dass dat de Film ass, deen ech realiséiere wëll.

“Letters from Drancy”

An “Letters from Drancy” gi verschidde Statioune vum Marion hirer Geschicht noerzielt, ëmmer mam Fokus op d’Bezéiung tëscht Mamm an Duechter.

Dat besonnescht um Film ass, dass et ee Virtual-Reality-Film ass. Dat heescht, et kuckt een en net iwwert eng Leinwand, mee mat Hëllef vun engem Virtual-Reality-Brëll. Deen erméiglecht et engem, net just dat ze kucken, wat virun engem ass, mee och alles ronderëm.

Méi Informatiounen zum Film fannt fir hei.

De Film kann ee sech ukucken am Kader vum Lux Film Festival am VR Pavillon an der Abtei Neimënster. D’Entrée ass gratis an d’Projektioune lafen nach bis de 17. Mäerz.

Back to Top
CIM LOGO