Eva Marija, Irem, Krick & Andrea Galleti, Ninon, The CookiesEchterlive: Deluxe Night by RTL

Bob Konsbruck
Vum 24. bis de 26. Juli ass zu Iechternach ass déi 5. Editioun vum Echterlive.
© Echterlive

Freides de 24. Juli geet et mat der Deluxe Night by RTL lass. Deen Owend kënnt Dir Iech vun der Qualitéit vun der Lëtzebuerger Zeen iwwerzeegen. Sou wéi och déi Editioune virdrun ass den Entrée fir d’Deluxe Night fräi.

© Echterlive

Dëst Joer mat dobäi d’Gewënnerin vum Luxembourg Song Contest dëst Joer: d’Eva Marija.

Mat Bad Decision (Hush Hush) stoung d’Irem Enn Januar och op der Bün vum LSC, d’Sängerin huet sech och zu Iechternach ugemellt.

An och d’Krick an den Andrea Galleti huet d’LSC-Erfarung. Um Echterlive triede Si als Duo op.

Ass nach Plaz fir e Kichelchen? The Cookies, gutt Laun garantéiert, grooven d’Abteistad de 24. Juli.

A mam Ninon, ass de Line-Up vun der Deluxe Night by RTL vun dësem Joer komplett.

Den Dag duerno, 25. Juli, héiert een um Echterlive Hits wéi An guten Tagen oder Pyramiden.

De Johannes Oerding, kennt een ënner anerem duerch Sing meinen Song op Vox, presentéiert am Summer säin 8. Studioalbum Hotel. D’Open-Air-Première ass iwwregens zu Iechternach.

A fir den Ofschloss de 26. Juli kënnt de brittesche Sänger James Morrison op den Echterlive.

Seng Musek ass mat sëllege Brit-Awards ausgezeechent ginn an den Hit You Give Me Something dierft nach jidderengem an den Ouere sinn. Och den James huet neit Material, zu Iechternach ginn et och d’Stécker aus dem 7. Studioalbum Fight another day.

Ticketen a weider Informatiounen op der offizieller Internetsäit.

Back to Top
CIM LOGO